D'Festival-Saison zu Diddeleng30. Editioun vum Zeltik Festival, éischte Lineup fir den Usina

Bob Konsbruck
Vum 12. bis de 15. Mäerz gëtt déi keltesch Musek gefeiert an den 30. Mee geet den Usina an déi 5. Ronn.
© David Robson

1997 huet d’Geschicht vum Zeltik zu Diddeleng ugefaangen. 29 Joer méi spéit kënnt een elo bei déi 30. Editioun mat Kënschtler déi sech am Laf vun de leschte Joer zu Publikumsmagnéiten etabléiert hunn, esou den Direkter vum Centre Culturel OpderSchmelz, den John Rech.

© zeltik.lu

“Mir hunn an der Kulturhaaptstad zwou Editioune gemaach, d’nächst Joer feiere mer 30 Joer a mir hunn eis gesot, komm mir feieren einfach ee Joer laang, dofir 30. Editioun, 30 Joer, mir hunn en aussergewéinleche Programm op d’Bee gesat, mir hunn e bësse Publikumsliblingen agelueden, e bëssen e Sondage gemaach an deene leschten zwee, dräi Joer, wien déi léifsten Artiste sinn, dat ass natierlech de Carlos Núñez, kënnt elo fir d’Zéngt, wann een d’Prelude mat dobäi zielt, et ass e bëssen de Parrain vum Festival. D’Red Hot Chili Pipers sinn dobäi, déi deemools hiren éischte Concert ausserhalb vun den engleschen Inselen hei zu Diddeleng gespillt hunn. Mir hunn Skerryvore, do hu mer och e Scoop haut kritt, an zwar si spillen d’Erëffnung vun der Fussballweltmeeschterschaft, also si spille virum Match vu Schottland géint Haiti mam Rod Stewart a mam Amy Macdonald. Also dat si scho mol dräi richteg grouss Headliner, déi mer do hunn. Mir hunn awer och Celtic Social Club aus der Bretagne, mir hunn e puer Neientdeckungen, Curly Strings, de Ryan Young kënnt erëm, de Brian Brody, den Andrew Strong vun The Commitments, dee coole Film vum Alan Parker, mir hunn Achtung Babies, eng U2-Tribute Band, a mir hunn och Authentica hei aus Lëtzebuerg an d’Paper Boys. Also e richteg flott, en diversifizéierte Programm.

John Rech: 30. Editioun Zeltik

De ganze Programm vum Zeltik tëscht dem 12. an dem 15. Mäerz an Ticketen ginn et op Zeltik.lu.

Giant Rooks sinn Headliner um Usina

Donieft ass e Freideg de Moien och déi 5. Editioun vum USINA virgestallt ginn. Headliner den 30. Mee ass déi däitsch Grupp GIANT ROOKS:

“Ma mir si ganz frou, dass mer dëst Joer konnten Giant Rooks fir de Festival gewannen, et ass eng Band, déi mer scho laang verfollegen, si hunn och déi lescht Kéier all Kéiers den Atelier ausverkaaft, mee éier se dohinner komm sinn, waren se op engem Festival hei zu Diddeleng, dee Fête de la musique heescht huet, deen nach ëmmer sou heescht, si hunn op der Planet Stage gespillt a ware kuerz virun, jo virun der Explosioun vun hirer Karriär an dofir ass et immens schéin, dass se dës Kéier als Headliner op den Usina kommen.”

USINA 2026 Giant Rooks

Déi véier Editioune virdrun huet een ënner anerem och profitéiert, fir de Festival z’optimiséieren:

“A mir hunn elo decidéiert dee Festival op een Dag ze reduzéieren, e bësse méi de Familljen zouzeschneiden an do ginn et sou Saache wéi eng Kiermes wéi fréier, et gëtt e Karussell mat geklautem a recycléiertem Material, et gëtt en Zirkuszelt, wou ënner anerem d’Schlagzeugmafia e relativ coole perkussive Spektakel ass. Mir hunn do dann och Kannererzielungen, e bëssen Zirkuskënschtler dran, mir hunn eng Open-Air-Bün beim Pomhouse, wou dann Giant Rooks spillt, Low Density Corporation, eng weider grouss Entdeckung Chartreuse, wou een och nëmme kann empfeelen, mir hu Workshoppen am VEWA mat eise Partner, déi do all Joer schaffen, mir sinn an der Kantin, mir hunn eng Kannerdisco a mir hunn nach e puer aner Nimm, déi mer Iech dann e bësse méi spéit verroden, well alles kënne mer Iech net soen. Mir wollten am Fong elo e puer Saachen erzielen an den Datum, ganz wichteg, Samschdeg den 30. Mee.”

USINA 2026: aus de leschte Joer geléiert

An dat Ganzt bei fräiem Entrée.

Back to Top
CIM LOGO