Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war de leschte Méindeg de franséischen Auteur Nicolas Mathieu zu Lëtzebuerg.

Hei huet hie sech mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Jean Portante ënnerhalen. Den Nicolas Mathieu hat 2018 de Prix Goncourt fir säi Roman „Leurs enfants après eux“ kritt. E Roman, deen och e Lien zu Lëtzebuerg huet.

De jonke Schrëftsteller ass gebierteg aus de Vogesen a léisst seng Geschicht do spille vu wou hie kënnt, aus Loutrengen.

"Leurs enfants après eux" spillt an den 1990er Joren a streckt sech iwwer véier Summeren, vun 1992 bis bei d'Futtballweltmeeschterschaft 1998, wou Frankräich jo Weltmeeschter gouf. Hei gëtt d'Geschicht aus der Vue vun e puer Jonker erzielt, déi an enger Géigend grouss ginn, wou d'Industriesitten zoumaachen an d'Sich no Aarbecht méi schwéier gëtt an d'Leit bis op Lëtzebuerg pendelen.

Et ass awer, esou den Nicolas Mathieu kee regionale Roman, sécher ass d'Thema, dat bis elo wéineg an der Literatur a Frankräich behandelt gouf, awer mat ee vun de Grënn firwat hien de Goncourt kritt huet, mat knapps 40 Joer a schonn direkt fir den 2. Roman.

Mä et bleift och déi aner Säit vun der Medail: e Privatliewen, dat muss geschützt ginn an den Drock op dat nächst Wierk ass grouss.

29/11/2019 Den Nicolas Mathieu zu Lëtzebuerg / Reportage Radio