En interkulturelle Projet zu Bungeref am Norde vum Land weist, dass Musek Mënschen aus der ganzer Welt vereent.

An enger Serie vu 6 akustesche Concerten hu Lëtzebuerger Museker a Flüchtlingen aus dem Foyer zu Bungeref am Kader vun de "Millen Sessions" zesummegeschafft. Ee Lidd vun all Kënschtler gouf vun engem Flüchtling gefilmt, deen am Viraus eng kleng Formatioun vum Regisseur Thierry Besseling krut. Mat dobäi waren de Serge Tonnar, d'Hannah Ida, de Bartleby Delicate, de Robert Gollo Steffen, d'Marie Weis an C'est Karma.

Virum Optrëtt gouf et eng informell Diskussioun tëscht Artist a Kameramann, déi op Video festgehale gouf. Nom Concert si Grouss a Kleng, Spectateuren, Kënschtler a Flüchtlinge bei engem gesellegen Iessen zesummekomm.

"Mir wëllen iech ons Heemecht weisen"

Opgefouert gouf dëst interkulturellt Evenement um Terrain vun der Bungerefer Millen. Zil vum Projet ass et, fir ënnert anerem e méi einfachen Zougang zur Lëtzebuerger Kultur z'erméiglechen, den interkulturellen Dialog unzekuerbelen an de Kontakt mat lokale Residenten ze fërderen.

Lancéiert gouf den interkulturellen Echange "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" vum Serge Tonnar am Joer 2015. Deemools sinn eng Partie Flüchtlingen an de Grand-Duché komm. Mat Hëllef vu Benevolle gëtt versicht, déi betraffe Leit an d'soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg z'integréieren. Nieft musikaleschen Optrëtter ginn och Konschtprojete fir Kanner an Erwuessener ugebueden, Danzowenter fir Fraen, interkulturell Nopeschfester, Kulturausflich oder och interkulturell Kichen-Atelieren.

Deel 1: Serge Tonnar

Deel 2: C'est Karma

Deel 3: Marie Weis

Deel 4: Bartleby Delicate

Deel 5: Robert Gollo Steffen

Deel 6: Hannah Ida