D’Florence huet sech wärend hiren Etuden an den Arts Plastiques zu Paräis an d’Konscht vun der Gravure verléift. Mat 25 Joer huet déi op Konschtgravure spezialiséiert Kënschtlerin schonn hiren eegenen onverwiesselbare Stil entwéckelt, inspiréiert u perséinlechen Erënnerungen an un hirer Kandheet. D’Florence zeechent direkt op d’Plack, ouni Virzeechnung oder transparente Pabeier. Si huet besonnesch d’Gravure op Koffer gär, déi eng héich Präzisioun an Drockqualitéit erméiglecht. D’Gravure op Koffer ass eng zäitopwänneg Konscht. Nodeems d’Zeechnung op d’Plack gravéiert ginn ass, dréit d’Florence mat engem Pinsel Saier op, Eiseperchlorid, duerch déi d’Plack méi Nuancë kritt.
Déi jonk Artistin hält an hire Gravurë gär hir Emotioune fest, Spuere vun hirer Kandheet a glécklech Momenter. Hir Wierker si souwuel intim, wéi och universell, (an erfuerschen ënnert anerem d’Welt vun den Dreem). Fir hire Kreatioune Liewen anzehauchen, gravéiert d’Florence net nëmmen op Koffer, mee och op Holz oder op Lino – eng flexibel a glat Matière. Mat Hëllef vu sougenannte Schnëtz-Messere schafft si sech lues a lues derduerch, an hëlt kleng Stécker Lino ewech. Dës Technik ass manner präzis an nuancéiert wéi d’Gravure op Koffer. Bei der Lino-Gravure kënnt d’Faarf op déi Stécker, déi als Relief iwwereg bleiwen, an déi d’Bild herno duerch een ëmgedréinten Drock-Effekt entstoe loossen. D’Handgrëffer musse sécher a präzis sinn, well am Géigesaz zu Zeechnungen, gëtt et hei kee Gummi, fir eppes ze verbesseren. Wat bis eemol geschnëtzt ass, ass net méi réckgängeg ze maachen.
Eng Lino-Gravure am A4-Format bedeit fir d’Florence ronn 10 Stonnen Aarbecht. Fir dëst Wierk, wat eng Kandheetserënnerung duerstellt, ze drécken, benotzt d’Florence nees d’Faarf Bleu du Prusse, amplaz vu schwaarz. D’Florence hält Andréck oder Momenter aus hirer Vergaangenheet fest. Duerch hir Wierker daucht een an eng douce, verdreemt a friddlech Welt an.
D’Kënschtlerin lieft zu Esch, kënnt awer weiderhin an d’Paräisser Regioun schaffen. Si huet 6 Joer laang an der franséischer Haaptstad gelieft, wou si och studéiert huet. Zanter hirem Master-Ofschloss 2024 am “Arts plastiques et création contemporaine”, preparéiert si een Exame fir zu Lëtzebuerg Konschtcoursen halen ze kënnen. A parallel dozou, widmet si hir Zäit der Gravure. Si realiséiert hir Aarbechten an zwee Gemeinschaftsatelieren: zu Lëtzebuerg, an an der Regioun vu Paräis. Eemol de Mount kënnt si a Frankräich zréck.
Am Théâtre Jacques Carat zu Cachan, ee Viruert vu Paräis, huet d’Florence zwee vun hire Wierker an enger Galerie ausgestallt, nieft Gravurë vun anere Kënschtler. 2025 huet si bei 7 Expoe matgemaach, wat et hir erlaabt, hir Aarbecht méi bekannt ze maachen an ze verkafen. Rezent huet si zu Esch 3 Gravuren ausgestallt, am Kader vum Salon international d’Art Contemporain. D’Florence mécht an hire Wierker d’Fënsteren zu hirer Welt op. Eng dramhaft an douce Welt. Hir Konscht gëtt hir d’Méiglechkeet, Spueren an een Androck ze hannerloossen.