ComedyDe Monty Python-Member Terry Jones ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den britesche Komiker, Acteur a Realisateur Terry Jones ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Dat huet d'BBC gemellt.
Eric Idle, John Cleese, Terry Gilliam, Michael Palin an Terry Jones
Eric Idle, John Cleese, Terry Gilliam, Michael Palin an Terry Jones

Den Terry Jones huet an de leschte Joren ënner enger Demenzkrankheet gelidden. Hie war net méi an der Ëffentlechkeet opgetrueden.

Hie war Grënnungsmember vun der legendärer britescher Komikergrupp Monty Python, déi Enn der 60 Jore mat “Monty Python Flying Circus” op der BBC séier Kultstatus op der Insel erreecht huet.

Duerno huet hien zesumme mam Terry Gilliam d’Kinofilmer vun de Python wéi “Holy Grail”, Life of Brian” a “Meaning of Life matrealiséiert.

Hie war iwwerdeems zesumme mam Michael Palin responsabel fir déi méi visuell Gags bei de Python.

1989 war den éischte vun de Python, de Graham Chapman, verstuerwen.

Hei 2 vun de ville Sketcher, an deenen den Terry Jones eng Haaptroll hat (aus der Télé-Emissioun)

Back to Top
CIM LOGO