Bis den 31. Mäerz wäerten d'Kulturevenementer vun de groussen Organisateuren hei am Land brooch leien.

De Gros vun de Concerten an der Rockhal wäert nogeholl ginn, verschiddener sinn ofgesot. Och de Rocklab wäert seng Dieren bis den 31. Mäerz zoumaachen. Donieft ginn dann awer och nach verschidde Concerten aus dem Abrëll verluecht. Dorënner Dadju, Salmo, Dub Inc a Iam.

Fir all d'Concerten, déi op en neien Datum verluecht ginn, behalen déi verkaaften d'Ticketen hire wäert. Sollten d'Showen ofgesot ginn, kréien d'Clienten automatesch hir Suen zeréck. D'Leit wäerte via Mail vun der Rockhal informéiert ginn.

Nieft der Rockhal sinn och d'Rotonden, d'Kulturfabrik zu Esch an d'Abtei Neimënster bis de leschte Mäerz zou an och d'Kinoe vum Kinepolis a vu Caramba wäerte keng Seancen an där Zäit weisen. Och den Atelier huet matgedeelt, datt op Weideres d'Concerte wäerten ofgesot ginn. Alleguerte kucke se mat de Kënschtler, fir nei Datumer ze fannen.

An den nächste Woche bleiwe weider kulturell Institutiounen zou: Archives nationales, Bibliothèque nationale, Musée national d'histoire et d'art / Musée Dräi Eechelen, Musée national d'histoire naturelle, Centre national de l'audiovisuel, Centre national de littérature.

Och bei de Stater Theatere goufen eng ganz Partie Spektakelen ofgesot.

All d'Detailer an eisem Ticker

Schreiwes vum Kulturministère

Mesures de précaution contre la propagation du virus COVID-19 - Fermeture d'institutions culturelles (13.03.2020)
Communiqué par: ministère de la CultureFaisant suite aux mesures prises par le Conseil de gouvernement extraordinaire du 12 mars 2020 pour faire face à la propagation du coronavirus et dans un souci de protection de la santé publique, le ministère de la Culture est au regret d'annoncer la fermeture au public, avec effet immédiat, des institutions culturelles suivantes jusqu'au 31 mars et ce, jusqu'à nouvel ordre:
• Les Archives nationales
• La Bibliothèque nationale
• Le Musée national d'histoire et d'art / Musée Dräi Eechelen
• Le Musée national d'histoire naturelle
• Le Centre national de l'audiovisuel
• Le Centre national de littérature
• Le neimënster
• La Philharmonie, Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte
• La Rockhal - Centre de Musiques Amplifiées
• Le MUDAM
• Le Casino Luxembourg ⋅ Forum d'art Contemporain
• Les Rotondes