Hien war e Kënschtler a Weltebummler
De Max Dauphin war e Lëtzebuerger Kënschtler a Sculpteur, dee virun allem figurativ Konschtwierker kreéiert huet.
Hien huet mat verschiddenen Technike wéi Collage a Graffiti geschafft. Seng Motiver sinn dacks inspiréiert vun de ville Reesen, déi hie wärend sengem Liewen ënnerholl huet. No sengem Doud am Alter vun nëmme 47 Joer hannerléisst de Max Dauphin en diverse Korpus u Wierker, déi säi Liewen als Kënschtler a Weltebummler retracéieren.
De Max Dauphin war net nëmmen e Mann a Papp, mee hie war och e Mënsch, dee gäre gereest ass. No sengem Doud am Joer 2024 gëtt elo e Brochdeel vu senge Wierker erëm zu Lëtzebuerg an der Galerie Reuter Bausch ausgestallt.
Egal ob Asien, Afrika oder Amerika, de Max Dauphin huet sech iwwerall vu sengem Ëmfeld inspiréiere gelooss. Hie war e villsäitege Kënschtler, deen op der ganzer Welt fir Begeeschterung gesuergt huet. Ma grad dowéinst ass et elo awer och schwéier novollzéibar wat hien alles zu Liefzäite geschaf huet.
Julie Reuter – Galeristin: "Mir hu schonn ugefaangen, sou gutt wéi et geet säi Wierk opzeschaffen. Mir wëssen awer, datt et nach vill Wierker ginn, och bei private Leit doheem. Mir géinge ganz gären en ëmfangräiche Katalog maachen. Mir wieren also ganz frou an dankbar, wann d’Leit sech géinge mellen, déi eppes vum Max Dauphin doheem hunn."
Catherine Decker – Wittfra vum Max Dauphin: "Ech si mengem verstuerwene Mann immens dankbar, hien huet mir iwwerall kleng Indicë gelooss a mir wäerten nach vill Zäit domadder verbréngen, fir seng Wierker ze entdecken."