Den CNL bitt op sengem Youtube-Channel all Dag eng Liesung fir Jonker un.

"Erziel mer eng Geschicht", dat ass e Saz, deen an dësen Zäite bestëmmt dacks doheem gesot gëtt. De Lëtzebuerger Literatur-Zenter vu Miersch huet dësen Opruff eescht geholl an zënter e Méindeg kann een hei Kanner- a Jugend-Geschichte kucken a lauschteren.

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: »Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.« De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv deelt déi Meenung a wënscht sech d’datt Kanner a Jugendlecher, déi als éischt doheem hu misse bleiwen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëlle mir Iech elo déi Literatur méi no bréngen – mat Liesungen.
CNL

Dofir muss ee just op de Youtube-Channel vum CNL goen.

Dës Geschichte kann ee scho lauschteren:

»La chaîne maudite« vum Nancy Thilgen a Patty Thielen. 

D’Geschicht op Franséisch iwwert de Marc, dee mat senger Famille an e neit Haus plënnert, riicht sech u Kanner vun 10 bis 13 Joer. Intro vum Nancy Thilgen, ab 1:50 kënnt den Text.

D'Buch ass 2019 bei den Editions Saint-Paul erauskomm an 2020 vun den Editions Schortgen iwwerholl ginn. D’Buch kritt der beim Verlag (https://editions-schortgen.lu/produkt...) oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu

»Kee fäert d’Lilli« vum Jeff Herr

D’Geschicht iwwert e klengt Gespenst, dat well gären d’Leit emol richteg erféieren, riicht sech u Kanner bis 9 Joer.

D’Buch kritt der am Verlag vum Jeff Herr (https://herrjeff.lu/product/lilli/) oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu

»De Fäert-Uasch – ze léif fir dës Welt?« vum Cathy Clement a Benjamin Frank

»De Fäert-Uasch – ze léif fir dës Welt?« vum Cathy Clement. Dës Geschicht iwwert d’Maude an d' Monster Jempy Schock ass eraus komm bei den Editions Schortgen.

D’Buch, dat sech u Jonker am Alter vun 10 bis 13 riicht, ass ze kréien bei der Editioun Schortgen https://editions-schortgen.lu/produkt...) oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu

»Lalumi - Alles just gedreemt« vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kauffmann.

D’Erzielung, déi sech u Kanner vun 3 bis 7 Joer riicht, ass aus dem Buch »D’Lalumi a seng Dreem«, dat 2012 bei den Editions Saint-Paul erauskoum. Dir héiert um CNL – Lëtzebuerger Literaturchannel awer d’Liesung, wéi se op der Audio-CD »Lalumi – seng Frënn – seng Dreem – seng Reesen« ze héieren ass.

An Zesummenaarbecht mat RTL si 7 Lalumi-Erzielungen op der CD mat bekannten RTL-Stëmmen iwwert déi kleng Raup a Verwandelungskënschtlerin Lalumi erauskomm.

Text: Luc Marteling,
Zeechnungen: Paulette Thinnes-Kauffmann,
Musek: Jérôme Kauffmann,
Produktioun: Laurent Friederich a Christiane Kremer,
Realisatioun: RTL a BCE 2015.


D'CD kritt ee bei https://editions-schortgen.lu/en/prod..

oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu/de 

»Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd« vum Guy Helminger mat Illustratiounen vum Manuela Otten

D’Erzielung riicht sech u Kanner bis 7 Joer. D’Buch ass an der Lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Auteur selwer beim Verlag capybarabooks erauskomm.

D’Nefertiti ass eng jonk Nilpäerd-Madamm, déi näischt fäert an net laang zéckt. Wéi si enges moies opsteet a keng Taass fir hir néng Liter Jus fënnt, mécht si sech op de Wee, fir eng nei ze kafen. Op d’mannst ass dat hire Plang. Wéi si nämlech beim Här Grëff am Buttek steet, geet alles drënner an driwwer. Net den Elefant, mä d’Nilpäerd am Parzeläinsbuttek ass déi wierklech Katastroph

Ze kréie bei: http://www.capybarabooks.com
oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu/de 

»So mol Lobo» vum Christiane Kremer a Vincent Biwer, eng Geschicht iwwer d’Schwätzen.

"So mol, Lobo" ass eng Geschicht iwwer d’Kommunikatioun an doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. D’Erzielung mat Illustratiounen vum Vincent Biwer ass fir Kanner vu 4 bis 7 Joer. D’Buch, dat 2019 de Buchpräis vun der Bicherfederatioun an der Kategorie ›Kannerbuch‹, ass bei Kremart Edition erauskomm.

Ze kréie bei Kremart Edition http://kremart.lu
oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu/de