Nodeems mer lo an déi drëtt Woch vun der Quarantän kommen, misst et deem Leschte bewosst ginn, datt dat hei e Marathon ass, kee Sprint.

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht kann een d’Mënschheet retten, andeems een um Kannapee bleift an d’Tëlee kuckt. A fir dat net an de Sand ze setzen, gëtt et eng Rei Serien, déi kënnen hëllefen, Doheem ze bleiwen.

De Frank Gallagher ass Alkoholiker, Drogesüchteg an de Papp vu 6 Kanner. Hien ass ëmmer op der Sich no sengem Virdeel ouni Récksiicht op Anerer. D’Fiona, säin eelst Meedchen, gëtt en eegent Liewen op, fir no senge Gesëschter ze kucken. All d’Kanner hunn dobäi hir eege Problemer, sief et emotional oder finanziell, vu dat d’Suen ëmmer knapp sinn. An der éischter Saison léiert d’Fiona de Steve kennen, dee mat Geld ëm sech gehäit, mä schlussendlech net deen ass, deen e virgëtt ze sinn.

D’Serie ass eng gutt Mëschung vum Komedie an Drama, a weist d’Liewe vun enger futtisser Famill, ouni ze vill düster ze ginn. D‘Schauspiller sinn excellent an spille Leit, déi markéiert sinn duerch Elteren, déi si am Stach gelooss hunn, mä ëmmer erëm probéieren, e bessert Liewen ze kréien.

Baséiert op enger englescher Serie ass déi amerikanesch Versioun 2011 ugaangen a gëtt nach ëmmer gewisen, déi eeleft a lescht Staffel soll Mëtt 2020 ugoen.

Déi 110 Episode missten, mat 4 Episoden den Dag, bis Enn Abrëll goen.

Shameless ass op  Amazon mat deenen 9 éischte Staffelen.

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"