Mam Erzieler Dan Tanson.

Mam Museksprojet "De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen" vum Dan Tanson a Georges Urwald ginn traditionell Kannerlidder a bekannte Pop- a Rocklidder op Lëtzebuergesch gespillt. Esou ass e Projet entstane fir Kanner vu 4 bis 9 Joer, bei deem si interaktiv matmaache kënnen. De Kapitän Mullebutz ass e Freideg den Owend awer ouni seng Séisswassermatrousen opgetrueden, ma awer mat genau sou vill Freed a Loscht.

"Uelegt d’Stëmmen an dot gemittlecht Gezei un, well de Kapitän wëll trotz dem Lockdown mat Iech doheem sangen an danzen, esou datt den Internet wackelt!"

de Kapitän Mullebutz

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".