Wéi Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten & Dokumentaliste schreift, hätte sech souguer Bibliothekäre mat engem Master gemellt.

Et war jo am Regierungsrot d'lescht Woch festgehale ginn, dass Joanne Goebbels (Directrice adjointe aus dem Kolléisch) de Poste vum Monique Kieffer iwwerhuele wäert.

ALBAD bedauert ënnert anerem, dass international unerkannten Diplomer fir de Kulturministère näischt wäert sinn an dass een an der Regierung keng zäitgeméiss Astellung zu Bibliothekäre vun haut hätt a qualifizéiert Personal net géif berécksiichtegen.

Hei de komplette Communiqué vun der ALBAD.

Déi politesch Ausriichtung vun der zukünfteger Direktesch vun der Nationalbibliothéik ass fir d'ALBAD kee Sujet, mä et geet ëm d'Unerkennung vun hirem Beruff.

Den Interview mat der Presidentin Estelle Beck

Kritik Albad un BNL - Reportage Annick Goerens

"Skandaléis" nennt d'Lëtzebuerger Wochenzeitung Woxx d'Nominéierung vun der Joanne Goebbels, Franséischproff an Directrice adjointe am Athenée an der Stad. D'Duechter vum fréieren Europadeputéierten a Minister Robert Goebbels ass donieft aktive Member an der LSAP. De Reproche vun Nepotismus a politeschen Ofmaachunge mécht d'ALBAD awer net. Fir si dréckt de Schong op enger ganz anerer Plaz, erkläert d'Presidentin Estelle Beck:

„Mir sinn haaptsächlech enttäuscht, well mir virun engem Joer e Bréif un d'Kulturministesch Sam Tanson geschriwwen haten, wou mir gesot hunn, dass mir eis wierklech géife freeën, wann d'Nationalbibliothéik-Direktesch géif eng Diplom-Bibliothekärin ginn. Dat ass nämlech e wichtege Posten hei am Land, fir de Gouvernement iwwer déi ganz Bibliothéikslandschaft ze beroden.“

Fälschlecherweis géing nach ëmmer gemengt ginn, dass Bibliothekäre just ee Literatur-Diplom bräichten. Ma et ginn nach vill aner Aspekter, erkläert d'Estelle Beck:

„Digitaliséierung, Informatik, E-Booken, Konsortien an dat si ganz vill Aspekter déi een am Literatur-Studium guer net huet. An de Literatur-Studium ass eigentlech net méi un d'Bibliothéik-Besoinen ugepasst a Studie wéi zum Beispill Informatik oder Management wieren nach méi no derbäi um Alldagsgeschäft wéi Literatur eigentlech.“

Schonn zanter Jore versicht d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten Unerkennung, fir hire Beruff ze kréien. Dat wier mat der Nominatioun vum Joanne Goebbels nees net geschitt:

„An dat gëtt och den Androck an der Ëffentlechkeet, dass een net muss Bibliothekär sinn, fir an der Bibliothéik ze schaffen.  An dogéint kämpfe mir stänneg, well gemengt gëtt et misst ee just liese kënnen, fir an der Bibliothéik ze schaffen.“

Natierlech wär d'ALBAD op fir eng konstruktiv Zesummenaarbecht mat der neier Directrice Joanne Goebbels. Et géing een hir perséinlech och näischt virwerfen. Et wär ebe just schued, dass duerch hir Nominéierung hire Beruff nees net géing unerkannt ginn, sou nach d'Presidentin vun der  Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten.