Fir d'ADR gëtt et bei der Nominatioun e fade Bäigeschmaach. D’Presidentin vun der Kultur-Kommissioun, gesäit dat anescht.

Op Demande vun der ADR gouf en Donneschdeg an der parlamentarescher Kulturkommissioun, d'Nominatioun vum Joanne Goebbels, als nei Directrice vun der Nationalbibliothéik nach emol op de Leescht geholl.

D'Oppositiounspartei stéiert sech un zwee konkrete Punkten.

Engersäits un den ënnerschiddleche Prozeduren, bei den zwee leschte Kandidaten. D'Joanne Goebbels an den Thierry Hirsch hätten eng Rei vun Tester misse maachen, dat awer ënner ënnerschiddlechen Konditiounen, wat fir d'ADR net no ze vollzéien ass.

Genee sou wéineg, wéi een och net verstoen kann, datt der nominéierter neier Directrice hire sougenannte "Concept Paper" net public ass. Also dat Dokument, wou déi hir Iddien an de groussen Zich skizzéiert goufen .Do géif et dem Fernand Kartheiser no un Transparenz feelen.

De Fernand Kartheiser vun der ADR

Fir d'ADR gëtt et also hei e fade Bäigeschmaach. Et wëll een ofwaarden, wéi de Recours en annulation, vum Thierry Hirsch virum Verwaltungsgeriicht ausgeet.

D’Presidentin vun der Kultur-Kommissioun, gesäit dat anescht.

D’Djuna Bernard huet hirer Parteikolleegin a Ministesch de Réck gestäipt. D’Sam Tanson hätt an der Kommissioun nach emol déi ganz Prozedur erkläert, sou dass vum Reproche vu Vetternwirtschaft wierklech net kéint rieds goen. "Déi Virwërf, déi am Raum stinn, si jo ënnert anerem déi vun Nepotismus an ech muss do ganz kloer soen, dass déi Prozeduren, déi en Place sinn an net hätte missten esou extensiv stattfannen, déi goufen vun der Ministesch selwer gefrot, fir sech ofzesécheren a fir en transparente Prozess ze erméiglechen, dee sou objektiv wéi méiglech soll sinn. Dat wier gëschter och kloer ginn."

Well u sech hätt d’Ministesch d’Méiglechkeet gehat, fir einfach eng Nominatioun ze maachen, ouni Kandidatur-Prozedur.

"Dat läit der Ministesch fräi. Se muss kënnen noweisen, dass déi Persoun Erfarungen am Management an a Féierungspositiounen huet, a fir de Rescht hätt d’Ministesch kënnen e Choix treffen, dee Si fir richteg fonnt hätt. Dat huet se awer eben net gemaach. D’Ministesch huet bewosst concertéiert, mat der aktueller Directrice vun der BNL, se huet e Jury en Place gesat a sech och mat anere Leit concertéiert, notamment aus dem Ausland."

Also eng breet Consultatioun, fir zu engem oppenen an transparente Choix ze kommen, seet et d’Co-Presidentin vun Déi Gréng.

D’Fuerderung vun der ADR, dass der nominéierter neier Directrice hire "Concept Paper" sollt virgestallt ginn, huet d’Ministesch jo refuséiert, wat d’Djuna Bernard versteet.

"Wann déi Kandidaten net am Virfeld Bescheed gesot kréien, dass deen Dossier soll public ginn, da kann een deen net an Nachhinein publizéieren. Dat ass en Dokument, wat spezifesch fir de Rekrutement virgesinn ass an och op anere Plazen wier dat net de Fall. An Nachhinein kann een dat also net verlaangen."

Och wann d’Joanne Goebbels, wa se bis hire Posten ugetrueden huet, an d’Kommissioun soll kommen, fir hir Visiounen do duerzeleeën.

Ob et iwwerhaapt souwäit kënnt, bleift ofzewaarden, well et jo eng Demande op e Recours en annulation, vun der Nominatiounsdecisioun virum Verwaltungsgeriicht gëtt, fir dass se verworf gëtt.