Kulturministesch: "D'Joanne Goebbels huet mech iwwerzeegt"
D'Sam Tanson ass net der Meenung, datt et bei der Nominatioun Irregularitéite gouf.
„Dat wat schlussendlech ausschlaggebend war ass, dass d'Joanne Goebbels d'Leit am Ministère an och mech selwer iwwerzeegt huet an hirer Capacitéit fir d'Ekipp vun der BNL ze féieren“ Dat äntwert d'Kulturministesch op d'Kritik vun der Nominatioun vun der LSAP-Politikerin als nei Directrice vun der Nationalbibliothéik. D'Sam Tanson wär net der Meenung, dass et Irregularitéite gouf.
De Reproche gouf vum Maître Jean-Marie Bauler gemaach. Säin Mandant, den Thierry Hirsch, wär net fir de Poste vum Direkter vun der BNL zeréckbehale ginn, well de Staat sech net u seng Prozedure gehalen hätt.
D'Kulturministesch berifft sech awer op e Gesetz vun 2005, wat déi sougenannten „fonction dirigeantes“ beim Staat definéiert.
„An do ass eigentlech den eenzege Critère, deen dra festgeschriwwen ass, deen, dass déi Persoun capabel ass, eng „fonction dirigeante“ ze hunn. Dat heescht, dass se capabel ass, eng Ekipp z'encadréieren an déi néideg, wann der sou wëllt, Management-Qualitéiten huet, fir dat ze maachen. Dat ass déi eenzeg Konditioun. An et steet mol net dran am Gesetz, dass muss ausgeschriwwe ginn. Dat heescht, quitt dass dat fir mech net a Fro komm wär, en Theorie hätt ech kéinten hei iergendeen nennen, deen eben déi do Konditioun erfëllt.“
De Poste gouf zwee Mol ausgeschriwwen, well beim éischten Tour keen iwwerzeege konnt, och net den Thierry Hirsch. D'Joanne Goebbels huet sech eréischt beim zweeten Tour fir d'éischte Kéier gemellt. No enger laanger interner Prozedur, wou d'Dossieren evaluéiert, an och d'Management-Kompetenzen gekuckt ginn, sinn 3 Leit iwwreg bliwwen, vun deenen een ofgesprongen ass. Du waren et just nach den Thierry Hirsch an d'Joanne Goebbels, déi an d'Gespréich mat der Ministesch invitéiert goufen.
„An déi Gespréicher hunn dat confirméiert, wat aus der Evaluatioun vun dem Managerprofil, wann der sou wëllt, erausgaangen ass an dunn hunn ech decidéiert, op Basis dovunner, dass ech d'Joanne Goebbels géing dem Regierungsrot proposéieren.“
D'Joanne Goebbels, Duechter vum fréiere Minister an Europadeputéierte Robert Goebbels, ass selwer Vizepresidentin vun der Stater LSAP-Sektioun. D'Wochenzeitung Woxx schreift d'Nominatioun vum Joanne Goebbels wär skandaléis a suggeréiert Nepotismus, also Vetternwirtschaft. Eppes, wat déi gréng Kulturministesch net kann novollzéien.
„Ech mengen zu Lëtzebuerg kennt jidderee jiddereen oder de Risiko ass op alle Fall grouss. Dann kënnt dobäi, dass ech de Reproche wierklech immens bedauerlech fannen, well Nepotismus ass jo och eppes, wou ee muss och Interêt hu bei esou enger Nominatioun. Bis haut huet kee mer erkläert, wat dann do elo mäin Interêt wier, fir eng Politikerin vun enger anerer Partei ze nennen. Ech ginn dovun aus, dass ee groussen Deel vun dëser Diskussioun hei virun allem doduerch entsteet, dass d'Madamm Goebbels ee prominente Numm huet an dat ass ee procès d'intention, dee mir wierklech ganz schlecht gefält.“
Et koum och Kritik vun der Associatioun vun den Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten, dass d'Joanne Goebbels keng Persoun vum Fach wier: ma wéi ee Profil gouf iwwerhaapt gesicht?
"Vu déi multipel Facette vun der Bibliothéik, déi eng kulturell Institutioun ass, dat heescht, déi wierklech eng Roll ze spillen huet am kulturellen Liewen, wou awer och déi pedagogesch Ausriichtung an vu och de Fait, dass ee wierklech muss eng Manager-Fonctioun hei mat an d'Spill bréngen, dass mer Profil sollen sou oppe wéi méiglech halen."
Am Ausland hätten d'Direkteren och déi ënnerschiddlechst Profiller: vu Bibliothekären a Literaten iwwer Informatiker bis bei Juristen. Et géing eben kee Profil-Typ gi vun engem Direkter vun enger Nationalbibliothéik, sou nach d'Kulturministesch Sam Tanson.