Et gëtt groussen, an elo och juristesche Widderstand géint d'Nominatioun vum Joanne Goebbels, fir d'Direktioun vun der Nationalbibliothéik z'iwwerhuelen.

"Et ass inacceptabel wéi virgaange gouf", dat seet de Maître Jean-Marie Bauler iwwer d'Nominatioun vum Joanne Goebbels als nei Directrice vun der BNL. Säi Mandant, den Thierry Hirsch, deen als ee vu schlussendlech zwee Finalisten net zeréckbehale gouf, leet elo Recours géint dës Decisioun an.

Recours géint d'Decisioun ëm d'BNL - Rep. Annick Goerens

Den 3. Juli soll déi Stater LSAP-Politikerin, Joanne Goebbels, déi aktuell Franséischproff an Directrice adjointe am Athénée ass, d'Direktioun vun der Nationalbibliothéik vum Monique Kieffer iwwerhuelen. Ma zanter dass d'lescht Woch d'Regierung dës Nominatioun bekannt gemaach huet, rumouert et nawell zolidd. Et sti Reprochë vun Nepotismus am Raum. Déi wëll de Maître Bauler net kommentéieren, ma dofir awer de wéinegen "Egard" vun enger Kultur- a Justizministesch, wat d'Prozeduren ugeet:

„Eng Haapt-Irregularitéit ass sécherlech déi, dass de Staat seng eege Prozeduren net respektéiert, wann en eben Appel de candidatures mécht. An dat ass natierlech dann eng Violation caractérisée vum Recht. Do donieft kënnt, dass aus verschiddenen – soen ech – Maladressen am Dossier Dokumenter optauchen, wou ee sech muss d'Fro stellen, ob dat ganzt net scho vu vireran een „abgekartertes Spiel“ war. Mä bon, dat wäert dann den Dossier musse weisen, well ech hunn jo elo och nach net den integralen Dossier, dee sécherlech dann och duerno d'Geriicht muss hunn, fir kënne säin Avis ze ginn. Ech ka just soen, dat wat ech gesi vu mengem Mandant, dat ass impressionnant.“

D'LSAP-Politikerin Joanne Goebbels, soll den 3. Juli d'Direktioun an der BNL iwwerhuelen. De Choix vun der Nominatioun stéisst op hefteg Kritik. / © RTL Archiv

Besonnesch d'ALBAD, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten hat an engem Communiqué dës Woch kritiséiert, dass déi nei Direktesch net déi néideg Qualifikatiounen hätt. Dobäi hätte sech awer, hiren Informatiounen no, diploméiert Bibliothekäre fir de Poste gemellt.

Och de Maître Jean-Marie Bauler constatéiert am Dossier vu sengem Mandant Irregularitéiten a mécht dofir ee Recours virum Verwaltungsgeriicht:

„Wat u sech eng klassesch Prozedur ass "En matière de nomination". Dat ass e Recours en annulation, dat heescht en huet zwee Voleten. Éischtens de Finalist, deen net geholl gouf, deen huet also eng Décision de refus, déi hie wäert attackéieren. An zweetens natierlech och wäerte mer ee Recours maache géint d'Decisioun, déi déi Persoun noméiert op de Posten an d'Bibliothèque nationale.“

Donieft goufen et an der Vergaangenheet Präzedenzfäll, wou d'Geriicht relativ haart an de Prozess gaangen ass mam Staat, well Prozeduren net respektéiert goufen. Ee Beispill dofir wär d'Affär vun der fréierer Directrice vun der Adem Mariette Scholtus, déi 2012 vun hirem Direkteschposten entbonne gi war. Si hat géint déi Decisioun geklot. A krut an 2. Instanz Recht.

De Maître Bauler: „Mä et ass elo sou, ech mengen, wa jiddereen e Bommen-Dossier huet, dann ass herno d'Decisioun „ech huelen deen oder deen“.  Mä hei ass et ebe wéi och bei der Adem, do ginn et fir d'éischt emol Reegelen anzehalen. An dann nach eng Kéier hei, wou de Ministère, wou een dann awer weess, déi huet och nach d'Kap vum Justizministère. Da mussen déi jo awer wëssen, dass dat ze respektéieren ass. Et ass eben net respektéiert ginn, wéi an der Affär Adem eppes aneschters net respektéiert gouf. An dat ass eben de Punkt, wou een elo scho ka soen, do sinn Irregularitéite geschitt.“

Och déi gréissten Oppositiounspartei huet sech ageschalt a fuerdert iwwer eng parlamentaresch Fro un d'Sam Tanson eng ganz Réi Äntwerten. D'CSV wëll ënner anerem wëssen, op alleguer d'Kandidaten de gesichte Profil haten a wat schlussendlech den Ausschlag ginn huet, dass d'Joanne Goebbels de Posten zougeschriwwe krut. Mir hunn d'LSAP-Politikerin iwwerdeems fir eng Reaktioun gefrot, mä si wéilt zu dësem Zäitpunkt näischt zu hirer Nominatioun soen.