D’Kultur soll kee Stéifkand sinn a réischt als lescht duerfen opmaachen“, sot d’Kulturministesch Sam Tanson op der Pressekonferenz iwwert d’Kultur-Relance.

Dofir kréie mat der Ouverture vun de Restauranten a Bistroten och Kulturhaiser, Concertssäll, Theateren a Kinoen nees d’Méiglechkeet, ënner de fixéierte Sécherheetsmesüren Publikum z’ëmfänken. Esou lues kënnt d’Kulturliewen also zeréck, d’Christiane Kremer war an der Philharmonie, déi jo zënter e puer Woche Stream-Concerten ubitt.
An der Philharmonie gouf d’Zäit vum Confinement genotzt, fir d’Haus ze verschéineren. D’Receptioun an déi verschidde Baren am Hall kruten hiren neien Outfit schonn éischter wéi virgesinn. Lues a lues kënnt awer och nees Musek an d’Haus. Zënter 3 Wochen gëtt all Freideg Owend ënnert dem Motto “Phil live doheem“ e Concert gestreamt. Ënnert där Form ka sech den Direkter Stephan Gehmacher och virstellen, nees Publikum z’ëmfänken. Mat de Konditioune vu reservéierte Sëtzplazen, der virgeschriwwener Distanz an der Mask. Mä och op der Bün ginn et Restriktiounen…

Fir de “Phil live doheem”-Concert vun dëser Woch ware mam Greg Lamy an dem Lionel Loueke zwee Jazz-Gitarristen op der Bün, déi sech zënter laangem kennen a gär zesumme spillen. Fir de Lionel Loueke, deen zu Lëtzebuerg lieft, koum de Lockdown quasi matten an enger Tournée, de leschte Concert mat senger Band huet en zu LA mam Herbie Hancock gespillt. Zesumme spillen, wann och just virtuell ass fir béid Museker e flotten Ament, och wann de Publikum feelt.

Wéi et fir déi nächst Saison an der Philharmonie ass, weess nach kee genau. De Programm ass awer elo erauskomm, Ticketen an Abonnementer kann een awer eréischt vun Enn August u bestellen.

An de Concert kënnt Dir am Stream gesinn an och op RTL.lu fannen.