Am neie Lidd vum Museker an Nobelpräisgewënner Bob Dylan geet rieds vun engem Lëtzebuerger Radiosender.

Um Freideg ass dem Bob Dylan säin neien Album "Rough And Rowdy Ways" erauskomm. Den éischten Originalalbum vum Museker zanter 8 Joer.

Ënnert den 10 fusch neie Lidder vum Singer-Songwriter ass och den Titel Key West (Philosopher Pirate) an deem e Lëtzebuerger Radiosender erwäänt gëtt. Konkret heescht et am Ufank vum Lidd:

I'm searching for love, for inspiration
On that pirate radio station
Coming out of Luxembourg and Budapest
Radio signal's clear as can be
I'm so deep in love that I can hardly see
Down on the flat lands, way down in Key West.

Gemengt kéint domat den englesche Radioprogramm RTL208 sinn.

D'Lidd wat iwwer 9 Minutten dauert ass iwwregens net dat längsten um Album. Bal 17 Minutten dauert nämlech den Titel Murder Must Foul, dee schonn Enn Mäerz eraus komm an an deem et ënnert anerem ëm d'Ermordung vum John F. Kennedy geet.