CBS setzt Emissioun ofLescht "Late Show" mam Stephen Colbert en Donneschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 10 Joer laang huet de Stephen Colbert déi beléift "Late Show" moderéiert. En Donneschdeg den Owend ass déi lescht Emissioun. Gëtt d'Sendung aus politesche Grënn ofgesat?
Dem Stephen Colbert seng "Late Show" gëtt ofgesat
Dem Stephen Colbert seng "Late Show" gëtt ofgesat
© VALERIE MACON/AFP

Bal 33 Joer laang ass d'"Late Show" zu New York vu CBS produzéiert ginn. Souwuel de Stephen Colbert, wéi och säi Virgänger David Letterman geheien dem Sender vir, dem Donald Trump wëllen e Gefalen ze maachen, andeems de Programm ëmgestallt gëtt. Den Trump-Kritiker war ëmmer rëm vum US-President verbal attackéiert ginn.

Moderatore vun anere Late-Night-Showe wéi den Jimmy Kimmel an den Jimmy Fallon wëllen en Donneschdeg den Owend hir eegen Emissiounen aussetzen, fir sech solidaresch ze weise mam Colbert. Sou vill wéi méiglech Leit sollen déi lescht "Late Show" kucken. Wat genee geplangt ass fir déi final Emissioun, ass streng geheim. A leschter Zäit hat de Stephen Colbert nach emol grouss opgefuer mat Gäscht wéi Barack Obama, Steven Spielberg oder Bruce Springsteen.

CBS hunn hire Schratt als "reng finanziell Decisioun" justifiéiert. De Genre vun der "Late Night" géif net méi genuch Geld abréngen. Allerdéngs ass d'Decisioun ausgerechent an deem Moment geholl ginn, wéi Paramount d'Zoustëmmung vun der Administratioun Trump gebraucht huet, fir mat Skydance Media kënnen ze fusionéieren. Donieft huet de Chef vun den US-amerikanesche Kommunikatiounsautoritéiten Emissiounen an hir Moderatore kritiséiert, wéi nach kee vu senge Virgänger.

Fir den Dag no senger leschter "Late Show" huet de Stephen Colbert scho wichteg Pläng. D'Hochzäit vu sengem Brudder. Wéi den 62 Joer ale Moderator sech duerno berufflech orientéiere wäert, léisst hien nach op. Hie kéint sech Comedy virstellen oder en neie Podcast. Fir d'éischt schafft hie mol nach um Dréibuch vun engem neie "Lord of the Rings"-Film mat. Méi Suerge mécht hie sech dogéint ëm d'Zukunft vun de Mataarbechter vun der Show.

D'New York Times schreift zur leschter Emissioun vum Colbert: "Mir verléieren net nëmmen de Stephen Colbert, mee och eng Institutioun." Den Donald Trump huet iwwerdeems gesot, hie géif sech no der Sendung zum Enn vun der "Late Show" äusseren.

Back to Top
CIM LOGO