Invité vun der Redaktioun (22. Mee)Paulette Lenert, LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch

Claude Zeimetz
E Freideg de Moien ass ënnert anerem hire Wiessel an de Staatsrot Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Paulette Lenert wiesselt vun der Chamber-Bänk an de Staatsrot. En Donneschdeg huet d’Chamber d’LSAP-Politikerin aus dem Osten fir dës nei Aufgab designéiert. Ofgestëmmt huet net misse ginn, well déi fréier Ministesch déi eenzeg Kandidatin fir déi fräi Plaz war. D’Paulette Lenert war och no hirer Zäit an der Regierung déi zweet-beléiftste Politikerin am Land. Nawell konnt si sech an Interviewen net dorobber festleeën, ob se nach emol fir d’LSAP a Chamberwale goe géif.

LIVESTREAM Radio

An och d’Kritik vum demissionäre Partei-Manager Uganks des Joers bei eis op der Antenn war ënnert anerem géint si gemënzt. Wéi kuckt d’Ost-Deputéiert, déi als Quereinsteigerin an der Pandemie an d’Verantwortung iwwert dat ganzt Land katapultéiert gouf, op hir Zäit an der Politik zréck? Ass et da lo den definitiven "Äddi" aus der aktiver Politik? A firwat wéilt si Kommissärin fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Riad a Saudi Arabien 2030 ginn? Alles dat schwätze mer e Freideg de Moien um 8 Auer mat der Paulette Lenert. D’LSAP-Politikerin ass eis "Invitée vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO