
De Frédéric Blanjard ass en onehelecht Kand: Hien ass zu Metz op d’Welt komm, seng Mamm war deemools 19 Joer jonk a säi Papp bestuet mat enger anerer Fra, mat där hie schonn zwee Kanner hat.
Eng "Naissance sous X" erlaabt de Mammen, hir Kanner no der Gebuert ofzeginn, dat, ouni Detailer iwwert sech selwer ze hannerloossen. Dofir kënnen et vill Grënn ginn, ënnert anerem mental Gesondheet, Inzest, sexuelle Mëssbrauch, eng ongewollte Schwangerschaft, Drock vun der Famill an der Relioun.
De Frédéric hat awer Chance. No sechs Méint an der Pouponnière ass hien an eng Adoptivfamill komm, déi hien als "immens léif" bezeechent. Trotzdeem huet d'Fro, vu wou hie kënnt, hien net lassgelooss, an esou och net de Wonsch, seng biologesch Mamm kennenzeléieren.
Am Joer 2000 huet hien ugefaangen, no Informatiounen iwwert seng biologesch Famill ze sichen. 2005 gouf hie vum CNAOP (Conseil national d’accès aux origines personelles) kontaktéiert, si hätten Informatiounen zu senger Mamm fonnt. Hien huet e Bréif u si geschéckt, fir Kontakt opzehuelen, ma hir Äntwert war e kategoreschen Nee.
Elo probéiert den 53 Joer ale Mann et op en Neits an ass vu Clermont-Ferrand a Frankräich ugereest komm: “D’autres personnes auraient pu aller jusqu’à embaucher des détectives, moi je refuse. Je ne veux pas lui forcer la main, juste lui tendre la mienne."
Legislative Retard bei Kanner mat anonymmen Elteren
Kanner vun anonymmen Elteren hätte wéineg Chance zu Lëtzebuerg, fir hir biologesch Elteren erëmzefannen, esou de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Wat Chifferen ugeet, waren et 2023 sechs Fraen, déi anonym accouchéiert hunn, 2024 war et keng.
Hien ënnersträicht iwwerdeems, dass et wichteg wier, Accès op de medezineschen Dossier vun de biologeschen Elteren ze hunn, fir en Abléck ze hunn an hir Krankheetsgeschicht. Wéi et an der Convention relative aux droits de l’enfant de 1989 festgehalen ass, déi Lëtzebuerg 1993 ratifizéiert huet, huet d'Kand e Recht, all d'Informatiounen iwwer seng biologesch Elteren ze kréien. Lëtzebuerg huet dëst Recht awer bis ewell nach net ëmgesat
(Schrëftlech heescht et vum OKAJU, datt all Kand e Recht "à l'entièreté de l'information de ses parents biologiques. Et depuis cette ratification, le Luxembourg est dans le non-respect de ce droit”)
Op Nofro iwwert de Projet de Loi N°7674 dee virgesäit, dass Kanner d'Informatiounen iwwert hir Originne sollen hunn, heescht et vum Justizministère, datt sech d'Praxis vun der Adoptioun zanter den 1980er Jore staark weiderentwéckelt huet. Et wier ee vun engem Usaz vun Anonymitéit iwwer op d'Unerkenne vum Bedierfnis, seng eege Originnen ze kennen, iwwergaangen
(“La pratique d’adoption d’enfants a fortement évolué depuis les années 1980, tout comme la thématique du droit d'accès aux origines a connu une évolution sociétale importante. On est passé de l’approche de l'anonymat à une reconnaissance du besoin de connaître ses origines.” )
Aktuell heescht et vum Ministère, datt den Accouchement sous X enger Fra d'Recht garantéiert, anonym e Kand op d'Welt ze bréngen. Hir Identitéit bleift géintiwwer dem Kand wéi och dem Persouneregëster geschützt. Den aktuelle gesetzleche Kader gesäit net vir, datt een Informatiounen, identifizéier oder onidentifizéiert, hannerloosse muss. Am aktuelle Projet de Loi ass virgesinn, datt béid Elterendeeler fräi entscheede kënnen, fir de Kanner Informatiounen, déi net mat hinnen ze identifizéieren sinn, ze hannerloossen.
(“L’accouchement sous X garantit à une femme le droit d’accoucher anonymement, en protégeant son identité vis‑à‑vis de l’enfant et de l’état civil. Le cadre légal actuel ne prévoit pas la possibilité de laisser des informations identifiantes ou non identifiantes. Pour ce qui est du projet de loi, il instaure un cadre où le parent qui a accouché de l’enfant et l’autre parent de naissance sont libres de laisser des informations non-identifiantes.” )
De Projet de loi huet als Zil, d'Applikatioun vun uniforme Consignen an de Maternitéen a concernéierte Klinicken ze hunn: “garantir l’application de consignes uniformes dans l’ensemble des maternités et cliniques concernées.”
Hei kënnt Dir Kontakt mat eise Kolleege vum RTL Infos ophuelen
Sollt de Formulaire sech net propper uweisen, musst Dir déi spezifesch Cookië vun RTL akzeptéieren.