
Lëtzebuerg huet Wëlles, och an Zukunft um Eurovision Song Contest deelzehuelen. Dat huet de Premier- a Medieminister Luc Frieden en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber op eng entspriechend Fro vum DP-Deputéierte Marc Hansen geäntwert.
Den ESC wier eng gutt Méiglechkeet, fir d'Siichtbarkeet vu Lëtzebuerg als Land ze erhéijen a géing et speziell der Lëtzebuerger Museksbranche erlaben, sech am Ausland ze presentéieren. Aktuell lafe Verhandlunge mat all den Acteuren, déi de Luxembourg Song Contest organiséieren. Dobäi soll dem Luc Frieden no de Fokus dorobber leien, datt déi national Kulturzeen sech agebonne fillt.
"Datt een also muss sécherstellen, datt et wierklech ee Boost ass, fir Lëtzebuerger Sängerinnen a Sänger. D'Kollaboratioun mat RTL a mat der Rockhal ass exzellent an dofir hunn ech d'Intentioun, fir der Regierung ze proposéieren, dat och dat nächst Joer ze maachen. An da mussen an deem Grupp déi organisatoresch an déi artistesch Froe gekläert ginn, och déi finanziell, mee ech mengen do fënnt een eng Léisung."
Déi lescht Woch hat Lëtzebuerg et mam Eva Marija sengem Lidd Mother Nature jo net an d'Finall vum ESC gepackt. 2024 hat de Grand-Duché no enger Paus vun 21 Joer säi Retour op d'ESC-Bün gefeiert, wärend 2024 déi 13. Plaz erausgespronge war, war et dat lescht Joer déi 22. Plaz.