Resultater feelen nachDreift de Wollef säin Onwiesen am Éislek?

Pierre Jans
Chris Meisch
De béise Wollef kënne mir all aus de Märercher. Méiglecherweis huet en awer elo wierklech am Éislek säin Onwiese gedriwwen.
Dreift de Wollef säin Onwiesen am Éislek?
De béise Wollef kënne mir all aus de Märercher. Méiglecherweis huet en awer elo wierklech am Éislek säin Onwiese gedriwwen.

Véier Källwer goufen am Éislek zanter leschter Woch gerass. D‘Naturverwaltung waart bis d‘Resultater vun de Prouwen do sinn. Ma d‘Baueren aus der Géigend si sech sécher, dass net nëmmen een, mä e puer Wëllef tëscht Bruechtebaach an Eschweiler zougeschloen hunn.

Den Trapp Kéi tëscht Bruechtebaach an Eschweiler lieft dëser Deeg geféierlech...Wéi ëmmer koum de Bauer Georges Schmit och d'lescht Woch eng Kéier no sengen Déiere kucken: "Ech fidderen se all Dag e bëssen. Nëmmen deen Dag koumen 10 Kéi, awer nëmme 7 Källefcher. Eent hunn ech um Hiwwel fonnt. Dat war un der Schnëss blesséiert, louch soss awer friddlech do. Ma et war dout. Dat anert hunn ech e bësse weider fonnt. Dat war richteg zerrass."

Een drëtt huet hien eréischt de Moien drop fonnt. E puer Deeg duerno waren et just nach sechs Källefcher. Déi besuergte Bauere wäre frou, mir géifen Iech dat ganzt Iwwel net cachéiert op de Biller weisen. Mä et ass näischt fir sensibel Leit. Esouvill: d‘Reschter vun engem véierte Kallef goufe fonnt.

Zwee vu véier Källwer waren zu groussen Deeler opgefriess. Esouvill géif e Fuuss net packen, seet de Bauer. Dat muss de Wollef dach gewiescht sinn. Nofro bei der Natur- a Bëschverwaltung. De Laurent Schley seet: "Eigentlech wëll ech elo nach net spekuléieren. Ech wëll d‘Resultater ofwaarden. Da wäerte mir eis dozou prononcéieren."

Am Mäerz waren zwee weiblech Wëllef och am Norden nogewise ginn. Am Raum Wëntger hat e Wollef e puer Schof gerass. Elo méiglecherweis da Källwer. D‘Noperen an e Lokalpolitiker weise sech solidaresch mam Georges Schmit. D‘Leit an der Gemeng wäre veronséchert, beklot de Carlo Weber aus dem Gemengerot vu Wëntger.

"D‘Leit si veronséchert. Si stelle sech Froen, ob si nach dierfe mam Hond eraus, a mat de Kanner spadséieren. Och iwwer d‘Wanderweeër kritt ee Froe gestallt. An an der Géigend ass och eng Bëschcrèche. An och Leit déi Päerd hunn am Duerf, loossen se net méi gär eraus. Et gëtt eng grouss Ongewëssheet.“

Si erwaarde sech kloer Consignë vun der Naturverwaltung. De Laurent Schley ka versécheren: de Wollef ass fir de Mënsch keng Gefor. Zanter 2015 gëtt et och en nationalen Aktiounsplang fir de Retour vum Wollef ze begleeden. Dozou gehéieren Entschiedegunge fir Baueren: "Den Här Schmit kritt warscheinlech seng Suen zeréck, mä et geet mol net dorëms. Mir ploen eis d‘ganzt Joer fir uerdentlecht Véi ze hunn. Bréngen et op d‘Wiss. An dann ass et Fudder fir de Wollef. Dat ass jo net den Zweck vun der Saach. Firwat muss dee Wollef esou geschützt ginn? Et gesäit bal esou aus, wéi wann de Wollef virum Mënsch steet.“

Hei gëtt et schwéier d‘Meenungen op e gemeinsamen Nenner ze bréngen. D‘Baueren hu Schued. Den Naturverwalter gesäit dat Ganzt. De Wollef hätt eng Roll well en an der Haaptsaach hëlleft de Wëldbestand ze reegelen. An nach eppes läit dem Laurent Schley um Häerz: "Als Europäer kucke mir d‘Tëlee a mir erwaarden eis eigentlech, dass an Indien den Tiger geschützt gëtt, well deen esou schéin ass. Oder an Afrika d‘Léiwen an d‘Elefanten. An da solle mir et an eisem räichen Europa net fäerdeg bréngen e puer Wëllef ze protegéieren? A Suen fir Entschiedegungen a Präventioun ze deblockéieren?“

Och wa si dat novollzéie kéinten, et ass wéineg Trouscht fir de Georges Schmit a seng Noperen. Falls de Wollef d‘Källwer dann effektiv um Gewëssen huet.

Back to Top
CIM LOGO