Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewen présenteiert an engem neien "art-eckege" Format.

1999: No laangem Streiden an Diskutéiere gouf den éischte Grondstee vum neie Musée geluecht. De Mudam – Musée d'art moderne Grand-Duc Jean – 88 Milliounen Euro huet e kascht a vill Nerven a Gedold, bis datt de Mudam schlussendlech den 1. Juli 2006 seng Dieren fir déi éischte Kéier opgemaach huet.

Ufank de 90er Jore ware vill Lëtzebuerger net averstane mat den éischte Pläng vum weltbekannten Architekt Ieoh Ming Pei. Iwwer 14.000 Leit hunn 1992 eng Petitioun mam Titel "D'Fangeren ewech vun den Dräi Eechelen" ënnerschriwwen. E neie Plang gouf doropshin entwéckelt. E Plang, op deem de Mudam sech perfekt a seng Landschaft integréiert huet. Et gëtt just ee Punkt, wou d'Festungs a Muséesmauere sech beréieren. Et ass en Zesummentreffe vun Al a Nei. Eng Iddi, déi sech duerch dat ganzt Konzept vum Musée zitt. Iwwerall huet den Ieoh Ming Pei Vuen virgesinn, wou een op der enger Säit op d'Alstadt an op der anerer Säit op d'Place de L'Europe gesäit.

De Grand Hall ass d'Häerz vum Musée, oder och d'Kierch am Duerf. Den Ieoh Ming Pei huet bei sengen éischte Visitten hei festgestallt, datt Lëtzebuerg en Duerf ass – an all Duerf huet als zentralen Orientéierungspunkt eng Kierch.
De Mudam ass weltwäit ee vun de wéinege Muséeë mat esou vill Glasfronten. Eppes, wat ongewéinlech ass, well normalerweis an de Muséeën déi natierlech Luucht evitéiert gëtt. D'Luucht vu bausse bestëmmt also och d'Atmosphär vu bannen.

Den Ieoh Ming Pei gëllt als ee vun de bedeitendsten Architekten aus eiser Zäit. 1945, nach wärend dem zweete Weltkrich, huet de Pei vum Grënner vum Bauhaus geléiert – dem Walter Gropius. An all Gebai, dat de Pei entwéckelt huet, stécht iergendwou och e bësse Walter Gropius dran.

Den Ieoh Ming Pei war e Perfektionist – de ganze Musée ass vu bannen a baussen mat Magny Doré Sténg aus der Bourgogne verkleet. Ma dem Pei seng Pläng vum Musée waren esou exakt calculéiert, datt d'Kalksteng entweder ganz oder hallef konnte benotzt ginn. Am ganze Musée fënnt een also keen ee Steen, dee méi kleng ass wéi seng Hallschent.

2019 ass den Ieoh Ming Pei am Alter vun 102 Joer gestuerwen. An engem Interview sot hien eng Kéier, datt fir hien d'Luucht de Schlëssel zur Architektur ass. Transparenz a Beweegung waren dem Architekt seng wichtegst Krittären. Weltwäit ass den Ioeh Ming Pei als „Meeschter vun der Luucht" bezeechent ginn.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.