D’MIL asbl wëll mat inklusive Kulturprojete Mënsche mat Demenz erreechen a encadréieren. Besonnesch d'Musek spillt eng grouss Roll.

MIL steet fir “Momenter intensiv liewen”. D' Dani Jung huet des Asbl am Februar 2019 als Hommage un hire Papp gegrënnt, deen un Alzheimer erkrankt ass zënter 2018 an engem Fleegeheem lieft. Mat dëser Initiativ well si net just eng gréisser Sensibilitéit fir dës Krankheet an der Gesellschaft erreechen, ma an éischter Linn geet et dorëms Raim ze kreéieren, an deenen demenzkrank Mënschen, trotz hire spezielle Besoinen a limitéierte Kapazitéiten, weiderhi Konscht a Musek erliewen a genéisse kënnen.

15/12/2020 BUCH MIL "Kanner o Kanner o quel bonheur" 10h15

Fir dëse Projet huet si sech ënnert anerem mam Lëtzebuerger Museker, Komponist a Musekprofesser Georges Urwald zesummegedoen. Hien huet d'Liiblingslidder vun de Leit no Themen an Auteuren organiséiert an a sougenannte Potpourrien arrangéiert.
 
No dräi ausverkaafte Live-Opféierungen, déi Al a Jonk begeeschtert haten, stoung u sech eng Tournée duerch Altersheemer a Kulturhaiser um Plang. Du koum d' Coronakris an domadder d'Iddi fir ee Lidderbuch ze realiséieren, dat Grouss a Kleng soll Freed bréngen. Dora fënnt een net just Texter a Nouten zu den 12 Potpourrien, ma och dozou passend Illustratioune vun der Lëtzebuerger Art-Desigerin Lea Schroeder.

Dat ass awer nach net alles. Zum Buch gehéiert nämlech och eng DVD mat enger Opnam vum Musekspektakel ouni Public am Stued Theater zu Gréiwemaacher.

Wien lo virwëtzeg ginn ass, d'Buch "Kanner, o Kanner, o quel bonheur“ kritt een a verschiddenen Librairien ze kafen, ma et kann een et och iwwer de Site vun der asbl bestellen.

Concert am Januar 2020 am CAPE Ettelbréck
D'MIL Asbl organiséiert Kultur-Projeten, déi fir Mënsche mat Demenz ugepasst sinn a se deementspriechend richteg encadréieren.