Am Fokus vum neie Band soll allerdéngs net de Coronavirus stoen, och wann déi eng oder aner Uspillung op d'Pandemie dra kéint ze fanne sinn.

"D'Pandemie ass en trauregt Thema, voller Ängschten. Et ass besser, iwwert eppes ze laachen an ze hoffen, dass sech d'Blat wende wäert", sot den Astérix-Auteur Jean-Yves Ferri. Et ass awer gutt méiglech, dass zum Beispill en Zaubertrank an der Geschicht virkéim, deen engem Vaccin änelt.

Ganz einfach wier et net, Theme fir Comic-Sträifen erauszesichen, sou de Schrëftsteller. Et kéint een hautdesdaags net méi op all Klischee zeréckgräifen, huet hien der Zeitung "Journal du Dimanche" géintiwwer gesot. Ma grad d'Spill mat de Klischeeë wier e grousse Bestanddeel vum Astérix-Universum. "Hautdesdaags brauch ee bal en Dictionnaire um Schreifdësch, fir ze wëssen, wouriwwer ee Witzer maachen dierf a wouriwwer net", fënnt de Ferri.

Den 21. Oktober 2021 soll dat 39. Band viraussiichtlech erschéngen. Astérix ass déi erfollegräichst franséisch Comic-Serie, déi 1959 vum Auteur René Goscinny (1926–1977) an Zeechner Albert Uderzo (1927–2020) an d'Liewe geruff gouf. Protagoniste sinn den Titelheld Astérix a säi Frënd Obélix, déi a Gallien an der Zäit ëm 50. v. Chr. liewen. Mat Hëllef vun engem Zaubertrank kréie si iwwermënschlech Fäegkeeten a leeschten ëmmer nees Widderstand géint d'Réimer.

D'Kombinatioun aus spannenden Aventuren, gelongenen Illustratiounen an engem subtillen, satireschen Humor sprécht eng konterbont Lieserschaft un. D'Geschichten ëm béid Figuren hunn et esouguer an de Friemsproochenunterrecht gepackt a gi benotzt, fir d'Sprooche Franséisch, Latäin an Algriichesch ze léieren.