Konschtwierker vun de Street artists Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd
Iwwerdimensional Biller, déi hire ganz eegene Stil an domadder Erëmerkennungswäert hunn.
Elo och 4.000 Kilometer Loftlinn vun hei ewech: Nämlech um Cap Vert.
Eng Mauer, e Pinsel an zwee Kënschtler – fir de Raphael Gindt an den Daniel Mac Lloyd si sou Projeten näischt Aussergewéinleches. Ma dass déi Zwee elo d’Éier hunn, hir Konscht um Cap Vert ze veréiwegen, ass dann awer schonns eppes Besonnesches.
Erméiglecht huet dëst de Festival Sete Sois Sete Luas. Kënschtler aus 30 Stied an 13 Länner sinn hei vertrueden. Dass do och Lëtzebuerg derbäi ass, ass keng Iwwerraschung. Ëmmerhin gëtt et tëscht dem Cap Vert an dem Grand-Duché vill Relatiounen a gemeinsam Projeten. Dofir gouf een och op der Insel San Antao vum Buergermeeschter vun Ribeira Grande gären empfaangen.
An d’Unzuel u Konschtwierker, déi een an den gutt zwou Wochen um Cap Vert konnt realiséieren, ass respektabel. Dat op de Mauere vun der Bibliothéik vun Santa Catarina de Santiago, Haiser a Fielsen op der Inselen Brava a Fogo an e Konschtwierk, wat speziell de Frae vum Cap Vert dediéiert ass.
Den interkulturellen Dialog ze fërderen, ass och ee vun de Motivatioune vum Festival. Genee sou wéi d’Mobilitéit vun de Kënschtler. An dat och bei der 18. Editioun, bei där eben Esch-Uelzecht duerch d’Kënschtler vun der Gallery „Kamellebutteck“ representéiert goufen. Sécher och eng Beräicherung an nei Erfarung vis-a-vis zur gewinnten Aarbecht zu Lëtzebuerg.
A geklappt huet et effektiv. Mat um Enn neier Konscht an enger weiderer Connectioun tëscht Lëtzebuerg an dem Cap Vert.