De Lëtzebuerger Auteur a Resistenzler ass am Alter vun 97 Joer gestuerwen.

Den Emile Hemmen war den 6. Dezember 1923 zu Sandweiler gebuer. Wärend dem zweete Weltkrich war hie Refractaire a Member vun der Resistenzbeweegung LPL (Ligue Patriotique Luxembourgeoise). Iwwer seng Erënnerungen dorunner huet hien am Claude Lahr sengem Documentaire "Heim ins Reich" (2004) temoignéiert.

Nom Krich huet den Emile Hemmen no senge Studien ugefaangen, als Schoulmeeschter ze schaffen, spéider war hien Attaché am Educatiounsministère, ier hie sech am Beräich vun der Integratioun an Educatioun vu behënnerte Mënsche spezialiséiert huet. Hie war Direkter vum "Institut médico-professionnel" a vun 1969 bis bei seng Pensioun 1984 och Direkter vum "Centre de Réadapation professionnelle" op der Cap. Hie war och Vizepresident vun der FICE "Fédération internationale des communautés éducatives", Member vum "Réseau européen des Centres de Réadaptation" a Grënnungsmember vun der Associatioun "Coopérations Wiltz".

Scho wärend senger Zäit als Refractaire huet den Emile Hemmen ugefaange mat Schreiwen, vrun allem Gedichter op Lëtzebuergesch. Spéider koumen och Kuerzgeschichten op Däitsch derbäi. A sengem eenzege Roman "Die Wahl" huet den Emile Hemmen d'Zäit vun den 1930er an 1940er Joren zu Lëtzebuerg thematiséiert a beschreift d'Geschicht vun engem jonke Refractaire, dee sech tëschent zwou Fraen, zwou Gesellschaftsschichten an zwee politesche Systemer decidéiere muss.

No enger längerer Paus huet den Emile Hemmen vun 1981 un haaptsächlech Lyrik geschriwwen a publizéiert, um Ufank nach op Däitsch an dono ëmmer méi op Franséisch. Hien huet sech ganz staark fir d'franséisch Literatur zu Lëtzebuerg engagéiert. Hie war President vum Veräin "Estuaires" an huet mam Nic Klecker eng Rei Anthologië publizéiert. E war Auteur an och Illustrateur, zesumme mam Paul Bertemes, vu Konschtbicher.

Den Emile Hemmen ass am Krees vu senger Famill roueg entschlof.

"Seng poetesch Stëmm a seng humanistesch Déift wäerten der Lëtzebuerger Literatur feelen!", schreift d'Nathalie Jacoby, d'Directrice vum Lëtzebuerger Literaturzenter CNL.