Am Alter vu 97 Joer ass hien den 21. Januar zu Bréissel gestuerwen.

De Jean Graton ass als Auteur an d'Geschicht vun der Bande Dessinée agaangen, deen dem Automobilsport een Denkmal mat senger Konscht gesat huet, an och als éischte Geräischer konsequent iwwert Onomatopéeën a senge Biller verschafft huet.

Seng bekanntst Figur ass de Michel Vaillant, een typeschen Held, dee sech ëmmer fir déi Leit asetzt déi ënnerdréckt ginn, an dobäi och nach een internationale Champion am Automobilsport ass. Egal ob Rallye, Formel 1 oder an anere Motorsportaarten, de Michel Vaillant war ëmmer dee Stäerksten. Wann dat haut ferm almoudesch wierkt, wouduerch d'Serie virun e puer Joer ënnert der Fieder vum Jean Graton sengem Fils eng nei Orientatioun kritt huet, ass et awer virun allem eng Serie, déi ee Bléck hannert d'Kulisse vum Motorsport proposéiert huet. Mat authenteschen Zeenen, an all deene bekannte Piloten, Ecurien a Boliden, déi iwwert d'Joerzéngten an der Aktualitéit stoungen.

De Jean Graton huet se all kannt, a sech doduerch ee wichtegen Zougrëff op d'Dokumentatioun geséchert, wouduerch hie mat senge Bande Dessinéeën ëmmer direkt un der Realitéit war. Nieft den Aventure vum Michel Vaillant huet hien awer och eng sëllegen Dossiere ronderëm bekannt Piloten oder Circuite realiséiert. Hien huet awer och Kuerzgeschichte fir d'Zäitschrëfte Spirou an Tintin realiséiert, déi ëmmer nees den Automobilsport an d'Piloten, déi an hirem Sport ëmmer nees hiert Liewe riskéiert hunn, an d'Zeen gesat hunn. Hie war et och, deen et fäerdeg bruecht huet, an engem statesche Media ewéi der BD d'Vitesse a Beweegung duerzestellen, datt een den Androck hat, direkt dobäi ze sinn. An hie war och ee vun deenen éischten Auteuren, dee mam Klischee vun der Fra als Partnerin déi alles akzeptéiert wat ee Mann hir seet, an där hir Roll op déi vun der Hausfra reduzéiert ass, gebrach huet. D'Julie Wood ass zum Beispill dat weiblecht Spigelbild zum Michel Vaillant. Eng jonk Fra, déi an engem Männerdominéierte Sport hire Wee mécht a sech géint all Virurteeler behaapte kann.

Et ginn och vill Beispiller vu Lieser vum Michel Vaillant sengen Aventuren, déi sech deen Held als Virbild geholl hunn, an herno selwer eng Carrière als Formel 1 Pilot kannt hunn.

Net fir näischt zielt de Jean Graton zu deene Gréissten Auteuren aus der gëllener Zäit vun der Bande Dessinée. Zu deem senge Frënn hu Kolleegen ewéi Goscinny, Uderzo, Peyo, Roba oder Franquin gehéiert. Lauter grouss Nimm, déi eis scho méi fréi verlooss hunn. Säi Wierk lieft awer weider, d'Serie Michel Vaillant krut méi ee modernen Touch, bleift awer deenen Elementer trei, déi hire Kreateur grouss gemaach huet.