
© Rotondes / Lynn Theisen
Nach bis den nächste Weekend kann een d'Expo kucke goen.
"Fabula Rasa" weist wéi Geschichte funktionnéieren an de Bicher an op der Bün, awer och wéi se nach weider kënnen an der Fantasie vun deem bleiwen, dee se liest oder gesäit: mat Musek, mat Luucht a mat Schied.
Am Mëttelpunkt steet dëst Joer d'Ausstellung "AB/Augmented books 2.0" an där ee gesäit wéi Geschichten kënnen entstoen, déi net just tëscht den Deckele vum Buch bleiwen. Mä wou een esou vill méi kann entdecken, upaken oder fillen a sech souguer an eng aner real oder virtuell Welt entféiere loossen.
Flott a faarweg "Bicher" fir kennenzeléieren, Illustratiounen a Geschichten, déi eréischt kommen.
AB – Augmented Books 2.0 leeft nach bis den 7. Februar a si ass op donneschdes a freides vun 15.00 bis 19.00h Auer, samschdes a sonndes vun 11.00 bis 19.00 Auer. An de Weekend vum 6. & 7. Februar vun 11.00 bis 18.00h
D'Entrée ass gratis, et muss ee sech awer umellen
Duerch d'Restriktioune sinn och d'Theatervirstellunge fir Fabula rasa séier ausverkaf gewiescht.
D'Stéck "Mega béis" kann een nach am CAPE zu Ettelbréck vum 9. bis den 11. Februar.