Um Dënschdeg hunn e puer Säiten am neie Marco-Polo-Rees-Guide iwwer Lëtzebuerg, méi genee en Text iwwer Esch, héich Wellen an de soziale Medie geschloen.

Wien nach net zu Esch war an dann den Text am Guide liest, deem vergeet dann och d'Loscht, fir dohinner ze reesen. Déi eng géifen Esch fir e "ruppiges Proletennest" halen an och déi schrecklechst Stroossebeliichtung aus Europa géif een zu Esch fannen. Eng Meenung, déi bei enger Ëmfro zu Esch op net vill Versteesdemech gestouss ass.

Esch-Bashing am Marco-Polo-Rees-Guide
Um Dënschdeg hunn e puer Säiten am neie Marco-Polo-Rees-Guide iwwer Lëtzebuerg, méi genee en Text iwwer Esch, héich Wellen an de soziale Medie geschloen.
Esch-Bashing/Reportage Raoul Roos

D'Journalistin ass d'Susanne Jaspers, déi selwer jorelaang zu Esch gelieft huet. Si huet an enger schrëftlecher Stellungnahm eis géintiwwer betount, dass den Text als eng "liebevolle, wenn auch augenzwinkernde und ironische Bestandsaufnahme der derzeitigen Situation in Esch" geduecht war.

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo ass iwwert dësen Text am Guide iwwert seng Stad awer wéineg begeeschtert.

"Wann ech liesen, wat iwwert Esch drasteet, kann ech just de Kapp rëselen. Et ass fir mech einfach pseudo-witzeg. A wat mech am meeschte stéiert: Et ass nees sou eng Aart Esch-Bashing, wat mer richteg op d'Nerve geet. Et ass éischtens mol net recherchéiert, mir hu méi Awunner wéi drasteet. Et gëtt iwwer 50 Natioune geschwat, mir hunn 122 Natiounen an da gëtt och nach en Albert Speer zitéiert, en national-sozialisteschen Architekt, wou ech de Kontext net ka verstoen. Et ass fir mech eng Katastroph!"

Et géif een nämlech mengen, esou d'Journalistin Susanne Jaspers am Guide, den Albert Speer wier den Architekt gewiescht vum Musée de la Resistance. Dat géif dem Buergermeeschter no net dozou bäidroen, dass d'Touristen op Esch gelackelt ginn.

"Also wann ech déi éischt Zeilen als Tourist géif liesen an net als Lëtzebuerger an Escher, dann denken ech: Dohinner brauchs de net ze goen. Et ass einfach eng Frechheet, fir esou eppes ze schreiwen an engem Guide Touristique. Fir all Escher ass dat do eng riicht an d'Gesiicht."

Wann den Text hätt solle witzeg sinn, da wier dee Schoss dem Georges Mischo no awer no hanne lass gaang.

"Et huet ee jo och gesinn un de Reaktiounen op de soziale Netzwierker, dass vill Leit sech getrëppelt gefillt hunn, deen Esch-Bashing, dee mech schonn ëmmer stéiert, dass dat och an engem Guide steet, ass fir mech e No-Go"

Et wéilt een als Stad Esch elo näischt weideres ënnerhuelen, de Buergermeeschter huet awer eng Propos:

"Och déi Leit vum Marco Polo kënnen ganz gären op Esch kommen, ech bidden deenen och eng Stadführung un, wa se dat gär hätten, zesummen mam Schäfferot a Leit vun eise Servicer, esou geet et op jiddefalls net!"