Ugangs wollt de Maxim en eenzelt Fotobuch drécke loossen, du koum awer alles aneschters...

U Beschäftegung feelt et dem Maxim den Ament net. Nieft villen Hobbyen, déi een esou als Kand huet, kuckt hie reegelméisseg awer och no sengen Ieselen, Ponyen a Geessen. An awer ass et him mat der Zäit langweileg ginn. Villes, wat hie soss beschäftegt huet, gouf wéinst Corona ofgesot, an esou koum dem Maxim bemol d'Iddi, fir eng Geschicht ze schreiwen.

Et sollt awer net direkt e Buch ginn, wat een herno ze kafe kritt. Ufanks war et d'Iddi, en eenzelt Fotobuch drécken ze loossen. Dem Maxim seng Elteren hunn hien natierlech ënnerstëtzt. Du koum alles aneschters. De Bekanntekrees huet do anscheinend e Wuert matgeschwat. Jidderee wollt dat Buch op eemol hu fir seng Kanner.

Esou gouf weider un der Iddi geschafft, respektiv geschriwwen, an du war et fir de Maxim kloer: Sollt säi Buch erauskommen an an de Verkaf kommen, dann awer fir de gudden Zweck. Räich gi wollt hien net domat. Hie wëll, dass den Erléis u "Kannerwonsch" geet , fir esou Kanner eng Freed ze maachen.

Dem Maxim säi Buch "Zum Superhelden durch das Coronavirus" erzielt d'Geschicht vun engem Jonken, dee sech an der Pandemie isoléiert an näischt méi vun der Aussewelt matkritt. Fir d'Illustratioun vum Buch, also d'Zeechnungen, ass ënnert anerem dem Maxim seng Schwëster responsabel. D'Janina huet do mat gemoolt an ass houfreg op d'Resultat. Esou huet säi Brudder him ëmmer gesot, wat hatt mole sollt.

An esou koum lues awer sécher dem Maxim säi Buch eraus an domat ass och säi gréissten Dram an Erfëllung gaangen, an iergendwéi gesäit et esou aus, ewéi wann hien d'Passioun um Schreiwen entdeckt hätt, well de Gedanken un en 2. Buch huet de Maxim elo schonn.