Vun enger Ex-Presidentschaftskandidatin zur Autorin: Am Hierscht wäert dat éischt Buch vum Hillary Clinton erauskommen.

Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht der 73 Joer aler Politikerin an der kanadescher Schrëftstellerin Louise Penny. Am Oktober 2021 soll de politeschen Thriller "State of Terror" op de Marché kommen.

Am Buch geet et ëm eng onerfueren Ausseministesch, déi an der Regierung hirem politesche Rival déngt, iwwerdeems et an der Welt ëmmer nees zu Terroruschléi kënnt. Op den Ex-President Donald Trump gëtt am Resumé vum Buch net explizitt verwisen, awer et kënne méiglech Parallellen zu senger Amtszäit gezu ginn. Am Text heescht et nämlech: "4 Joer no enger US-amerikanescher Féierung, déi sech vun der Weltbün zeréckgezunn huet".

Hiert eegent Buch erauszebréngen, wier en Dram, deen endlech an Erfëllung gaange wier, sou d'Clinton. Si an d'Louise Penny hu laang iwwer hir Erfarungen als Ausseministesch diskutéiert an iwwert d'Fro, wat hire schlëmmsten Albdram am Amt war. D'Äntwert op dës Fro ass d'Buch "State of Terror".

De Wee vun der Politik an d'Belletristik huet sech och schonn de fréiere President Bill Clinton getraut an 2 Kriminalromaner publizéiert.