Nodeems d'Frankfurter Buchmesse 2020 wéinst der Pandemie just an digitaler Form konnt ofgehale ginn, soll de Public dëst Joer erëm zougelooss sinn.

D'Frankfurter Buchmesse wëll am Oktober erëm Verleeër, Auteuren an de Public empfänken. D'Bicherfoire ass deemno als Presenzveranstaltung mat awer och digitale Formater geplangt a soll flexibel un d'Pandemielag ugepasst ginn, wéi d'Organisateure e Méindeg matgedeelt hunn.

D'Presenzmanifestatioune sinn un en detailléiert Hygièneskonzept gebonnen. Deemno sollen d'Halen anescht opgedeelt a beispillsweis däitlech méi breet Gäng geplangt ginn. D'Mindestgréisst vun de Stänn gëtt op 8 Meterkaree verduebelt. De Plus u Käschten, deen doduerch entsteet, gëtt iwwer den "Neustart Kultur"-Programm vun der Bundesregierung finanzéiert.

Jidderee muss sech am Viraus registréieren. Wat d'Zuele vun de Leit ubelaangt, sou gëtt gekuckt, wat fir eng Reegelen am Oktober gëllen. "D'Branche brauch méi wéi soss Austausch a Visibilitéit", erkläert de Buchmesse-Direkter Juergen Boos. All Event soll awer och live gestreamt ginn. Éieregaascht ass dëst Joer Kanada.

Och Lëtzebuerg ass jo bekanntlech zanter e puer Joer zu Frankfurt am Main vertrueden, dëst mam Programm "Reading Luxembourg".