Nodeems d'Walfer Bicherdeeg d'lescht Joer wéinst der Pandemie hu mussen ofgeblose ginn, freeë sech d'Organisateure ganz besonnesch op d'Editioun 2021.

De Weekend vum 20. an 21. November sollt ee sech elo schonn am Kalenner ukräizen. Den Ament gëtt intensiv un engem performanten Hygièneskonzept geschafft.

Zil vun der 26. Editioun ass et, d'Buch mat all sengen Acteuren a Facettë ganz besonnesch an den Zentrum ze stellen.

Mat der Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis wäert de Startschoss wéi gewinnt erëm zu Walfer falen. D'lescht Joer waren d'Präisser jo an der Nationalbibliothéik iwwerreecht ginn.

D'Halekonzept wéi och d'gastronomesch Offer wäerten un d'Coronamesuren ugepasst ginn, déi dee Moment gëllen. "Mir wäerte verschidden Optioune préiwen a kucken, wéi mir dës ëmsetze kënnen", gëtt de Walfer Buergermeeschter François Sauber an engem Communiqué zitéiert. "Trotz de schwéieren Zäiten hoffe mir, dass d'Bicherdeeg esou dësen November erëm kënnen ofgehale ginn."

Déi professionell Aussteller wéi och déijéineg, déi e Stand um Bichermaart reservéiere wëllen, kënne sech vum 15. Juni un umellen.