Changementer op all Niveau wéinst dem Coronavirus
Am Oktober 2019 war d'Nationalbibliothéik an hiert neit Doheem um Kierchbierg geplënnert. Knapps 5 Méint drop huet et du geheescht, Diere rëm zoumaachen.
Et huet ee mussen ëmdenken. Wéi a sou villen Institutiounen huet och d'BNL sech op Télétravail ëmgestallt. Dem Carlo Blum, Responsabele vum IT Departement, no ass dëst awer e positiven Developpement, deen och nom Covid wäert bleiwen.
Och fir d'Lieser gouf sou munches ageriicht, wat et hinne soll erméiglechen, och wärend dem Lockdown kënnen ze liesen a sech z'informéieren. Sou kann ee sech neierdéngs och online aschreiwen, fir Lieser ze ginn, an déi digital Offer un E-Books ass immens ausgebaut ginn. Der BNL hire Statistiken no koum béides gutt bei de Lieser un. Et hätte sech 34% méi Lieser ageschriwwe wéi nach 2019. An och d'E-Books goufe ronn duebel sou oft geklickt.
A fir déi Lieser, déi trotzdeem wollten e physescht Buch am Grapp hunn, gouf och en neie Service agefouert. Sou konnt all Lieser bis zu dräi Dokumenter via Site bestellen a krut déi dann heemgeschéckt. Soubal d'Dokument zeréckbruecht gouf, misst et fir d'éischt 48 Stonne Quarantän maachen, ier et op seng gewinnte Plaz koum.
Aner Changementer waren de Lancement vun engem YouTube-Kanal mat reegelméissegen Tutorials, Livestreams an aneren Tipps, an en neien Direkter. De Claude Conter huet am Juli 2020 seng nei Positioun ugetrueden.
Fir eise Reportage hu mir mat de Leit hannert de Kulisse vun der BNL iwwer d'Changementer vun deene leschte Méint geschwat.