Neien Astérix-Album
De Cover an den Titel goufe presentéiert

© Les Éditions Albert René
Den 21. Oktober 2021 kënnt deen neien Astérix-Band eraus. Dat ass scho méi laang gewosst. Elo gouf dann och d'Geheimnis ëm den Titel an de Cover gelëft.
"Astérix et le Griffon" ass den Titel vum 39. Band an dëser Rei, déi 1959 vum Auteur René Goscinny an dem Zeechner Albert Uderzo geschaaft gouf. Fir d'fënnefte Kéier schaffen elo fir dësen neien Album den Auteur Jean-Yves Ferri an den Zeechner Didier Conrad zesummen.
Am meeschte gelies