Mam renomméierte Servais-Präis gëtt zanter 1992 dat bedeitendst literarescht Wierk ausgezeechent, dat am Virjoer publizéiert gouf.

Zejoert goung d'Auszeechnung un den Auteur Francis Kirps fir "Die Mutationen" an 2019 un d'Elise Schmit fir "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen". De Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.

E Méindeg huet de Jury ëm d'Presidentin Jeanne E. Glesener d'Short‐Lëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2021 verëffentlecht. Dorop ze fannen: d'Ulrike Bail mat "wie viele faden tief" (Conte Verlag), de Guy Helminger mat "Die Lombardi‐Affäre" (capybarabooks), de Robert Schofield mat "The Treasury of Tales" (Black Fountain Press), de Jemp Schuster mat "Bluttsëffer – All Fra dréit hire Päckelchen" (Édition Imprimerie Centrale) an de Jean Sorrente mat "La Guerre du temps" (Hydre Éditions).

Mat der Short‐Lëscht wëll de Jury op d'Diversitéit an d'Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen a sou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen, heescht et am Communiqué.

De Laureat/d'Laureatin vum Prix Servais 2021 gëtt ugangs Mee annoncéiert.