Wéi sou villes hat och de "LiteraTour" zu Beetebuerg 2020 wéinst der Pandemie missten ofgesot ginn. Dëst Joer gëtt en adaptéiert Konzept presentéiert.

Vum 18. bis den 30. Abrëll ass et sou wäit. Elo gouf d'Broschür "Kueb" mam Programm an allen Informatioune publizéiert. Och en Iwwerbléck iwwer d'Contributioun vun der Gemeng am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 ass an der LiteraTour-Zäitschrëft ze fannen.

"Mir wëllen dem LiteraTour 2021 eng Chance ginn an hunn e klengen awer ofwiesslungsräiche Programm opgestallt", schreift de Buergermeeschter Laurent Zeimet a sengem Virwuert. De Virdeel wier, datt ee Liesungen a Virstellungen ouni ze vill Opwand "Corona-konform" organiséiere kéint. Freeën dierf ee sech op "13 Deeg voller Faarwen, Dreem, Spannung a Reesen an enge aner Welt... d'Welt vum LiteraTour". Fir all Manifestatioun muss ee sech am Virfeld umellen.

D'Ouverture ass den 18. Abrëll vun 10.30 Auer un. Lass geet et mat der Liesmatinée Crémant-Mélange mam Auteur Getraud Klemm a sengem "Hippocampus" an der Schrëftstellerin Nora Wagener an hirem "Alle meine Freuden". Um 14.00 Auer gëtt op de RallyteraTour duerch de Schlasspark invitéiert. De Bicherkueb - de soziale Bicherbuttek - ka vu 14.00 Auer un am Schlasshaff besicht ginn. Um 14.30 steet d'Kannerliesung "D’Sandmeedchen, déi kleng Prinzessin an de Gubi" (Rotondes & Kremart) um Programm. Um 17.00 Auer liest de Romain Butti aus sengem "Berlin – The End – Erop" an um 19.30 de Guy Rewenig aus sengem "Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch". Och d'Open-Air-Ausstellung "Konscht am Park" mat Wierker vun 18 Kënschtler geet deen Dag op.

Projeten am Kader vun Esch2022

Fir 2022 huet d'Gemeng Beetebuerg hire LiteraTour-Projet ënnert de Motto "Remix your story" gestallt. Ënner anerem gëtt de Ris aus dem Märchepark an engem Comic op d'Rees geschéckt. Dësen intergenerationelle Storytelling-Projet gouf schonn 2020 lancéiert. Kleng a grouss Fans hu fläisseg doru matgeschafft. Pénktlech fir de LiteraTour2022 kënnt dann "De Ris geet op 'Rees" eraus.

Da gouf ufanks 2021 och nach en Appell fir Kënschtler lancéiert, fir verschidde relevant Zeenen aus dem Comic opzegräifen an dës dann an der Gemeng an Installatiounen nozegestalten. E flotten, thematesche Parcours soll sou entstoen.

Och d'Editioun 2022 vum Prix Laurence wäert e bësse méi extra a virun allem méi grouss ginn. Déi Kéier däerfen nämlech och déi Jonk aus der Groussregioun, vu Kaunas a Litauen an aus de Partnergemenge vu Beetebuerg - Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) - matmaachen.