1975 huet se hir Dieren opgemaach an der Stad: d’Librairie Française. Dëse Summer ass Schluss. Wat sinn d'Grënn?

Deemools war d'Librairie Française nach am Passage vun der Plëss op de Knuedler ze fannen, duerno goung et nieft d'Post. Mä 2021 wäerten Dieren definitiv do zougoen, de Bail leeft aus, an et gëtt lo just nach verkaf, sou laang Wuer do ass, wuel bis an de Summer eran.  Mat deem Geschéck verschwënnt dann e weideren Traditiounsbuttek aus dem Stadbild.

Wat sinn d'Grënn? Kafen d'Leit manner Bicher a wa jo, da just nach online? Ass d'Stad manner attraktiv ginn, wéi vill dréit de Covid derzou bäi? Wéi kann een hautdesdaags iwwerhaapt  nach als Libraire iwwerliewen ? Mir hu mat 3 Frae geschwat, déi sech aus ënnerschiddleche Grënn an d'Aventure Bicherbuttek lancéiert hunn.

D'Carole Mersch, déi Mann a Fils gehollef an du ganz eleng iwwerholl hat, huet d'Energie net méi, e Repreneur war net ze fannen, just een hat Intressi gewisen. Carole Mersch: "De Problem ass, wéi hien dunn héieren huet, wat de Loyer ass fir de Moment a wat en ass, wann en ofgelaf ass, da gëtt et och nach gehéicht, huet en du schonn direkt drop verzicht, ass dunn ass e souwisou krank gi mam Covid an du war alles eriwwer, sou dass keen do fir z'iwwerhuelen."

Wéinst flappege Loyershaussë sollt och den Alinea zougoen, no enger grousser Solidaritéitsaktioun war den Edmond Donnersbach a Verlängerung gaangen a wéi och hien definitiv midd war, huet seng fréier Stagiaire iwwerholl an et ni bereit.

Dat gëllt och fir d'Anne Diderich, déi d'Escher Librarie an 3. Generatioun féiert, et war hir Bomi, déi 1945, nach ier de Krich eriwwer war, de Buttek gegrënnt huet. Anne Diderich: "Ech sinn e Butteksmeedchen, ech hu meng Nomëtteger hei verbruet, wéi mäi Papp mech bis gefrot huet, wëlls du eng Kéier weiderfueren, hunn ech mir e bëssen Zäit gelooss, fir sécher ze sinn, ma bis elo hunn ech et nach net bereit!" 

Däers Enthusiasmus bleift der Carole Mersch kee méi, si seet zwar, dass et vill Grënn sinn, déi zur Fermeture gefouert hunn, mä virun allem een: "D’Stad ass guer net méi attraktiv".