Den 12. Oktober soll en neit Buch vun der Harry-Potter-Schrëftstellerin op de Maart kommen.

Wéi de franséische Verlag Gallimard ugekënnegt huet, soll "The Christmas Pig" an 20 Sprooche gläichzäiteg verëffentlecht ginn, dorënner Chineesesch, Hebräesch, Japanesch, Thailännesch an Tierkesch.

An der Geschicht geet et ëm den Jack, deen alles mat sengem Schwäin-Plüschdéier deelt. En onzertrennlecht Team. Een Dag viru Chrëschtdag kënnt et dann zu engem trauregen Ereegnes: D'Schwäin ass nämlech vun engem Moment op deen anere "verschwonnen".

Déi 55 Joer al Brittin gouf bekannt duerch hir Harry-Potter-Rei, déi weltwäit vu Kanner, Teenager an Erwuessene mat grousser Begeeschterung gelies gouf. Ronn 500 Millioune Mol goufen d'Romaner verkaf. Nieft dëse Jugendbicher huet d'J.K. Rowling och Romaner fir Erwuessener geschriwwen.