Den Ament kann een de Jemp Schuster op verschidde Liesunge lauschtere goen a sou en einfachen Zougang an déi 2 Romaner kréien.

Dem Jemp Schuster säi leschte Roman war esou déck ginn, dat hien en an 2 Deeler eraus bruecht huet. Ëmmerhin ass et eng Famillje-Saga vun iwwert 1.000 Säiten, ma och en Abléck an 100 Joer Lëtzebuerger Geschicht. Nom Bluttsëffer koum elo den Ouereschlëffer eraus, déi selwecht Protagoniste wei am éischte Roman, déi selwecht Spannung, an endlech eng Opléisung vun der Geschicht.

Seng 2 Romaner spillen sech an engem fiktive Lëtzebuerger Duerf of, ma et kéint iwwerall sinn, seet de Jemp Schuster, och a sengem Heemechtsduerf Saeul; en Duerf mat senge Geschichten, Intrigen, Dramaen, ma och erfreeleche Momenter. 1905 fänkt d'Geschicht am Bluttsëffer un, fir 2005 am 2. Roman Ouereschlëffer op en Enn ze kommen. Fir de Jemp Schuster ass et eng typesch Geschicht aus dem Lëtzebuerger Bauere Milieu.

2 Joer huet de Jemp Schuster un de Romaner geschriwwen a virun allem recherchéiert.

Den Ament kann een dann och dovu profitéieren de Jemp Schuster op verschidde Liesunge   lauschtere goen, wat engem sécherlech nach méi Loscht gëtt, an d‘Welt vu sengen 2 Romaner anzedauchen.

Dat kann een dann direkt dëse Freideg zum Beispill zu Wolz bei de Garden Sounds oder nach  nächsten Dënschdeg zu Miersch am Kulturhaus.