De Schrëftsteller an Illustrator Eric Carle ass e Sonndeg am Alter vun 91 Joer verscheet.

Säi bekanntste Wierk war d'Billerbuch "Die kleine Raupe Nimmersatt" ("The Very Hungry Caterpillar"), dat am Joer 1969 op de Marché koum an iwwer 50 Millioune Mol uechter d'Welt verkaf gouf. Am Buch geet et ëm eng Raup, déi alles frupst, wat se fënnt: En Apel, Bieren, Äerdbieren, Schockela, Kéis, Wurscht, Meloun, Taart, Glace, Lutsch an eng Kornischong. Nodeems si hire Bauch gutt gefëllt huet an déck a ronn ginn ass, ass aus hir e wonnerschéine Päiperlek ginn.

An de soziale Medien hu vill Leit, dorënner och Prominenter, dem Kannerbuchateur Äddi gesot an och Merci fir déi schéi Momenter, déi hien hinnen duerch seng Literatur bereet huet.

Aner bekannte Wierker vum Eric Carle sinn "Der Kleine Käfer Immerfrech" ("The Very Grouchy Ladybug") an "Brauner Bär, wen siehst denn du?" ("Brown Bear, Brown Bear, What Do You See?").