Handgeschriwwe Bréiwer an Zeechnunge vum tschechesch-jiddesche Schrëftsteller Franz Kafka goufe vun der Nationalbibliothéik an Israel zougänglech gemaach.

Do virdru gouf et e laange Rechtssträit, fir d'Dokumenter zréckzekréien. Elo goufen se gescannt a kënne säit kuerzem vun der Ëffentlechkeet online consultéiert ginn

D'Sammlung ëmfaasst "ronn 120 Zeechnungen, iwwer 200 Bréiwer un de Schrëftsteller Max Brod, dorënner den Original vu sengem literareschen Testament , an deem hie säi Frënd freet, all seng Schrëften ze verbrennen", sot den zoustännege Curateur Stefan Litt.

No dem Kafka sengem Dout am Joer 1924 hat de Max Brod entscheet, d'Schrëfte vu sengem Frënd net ze zerstéieren. Am Joer 1939 huet hien déi vun den Nazie besaten Tschechoslowakei a Richtung Tel Aviv verlooss an dem Kafka seng Schrëften an Zeechnunge matgeholl. Eng Rei Wierker huet hien dono verëffentlecht an esou zur posthumer Berüümtheet vum tschecheschen Auteur bäigedroen, deen zu de bedeitendste literaresche Figure vum 20. Joerhonnert zielt.

Nom Max Brod sengem Doud am Joer 1968 koum et zu engem reegelrechten "kafkaesken" juristeschen Drama tëscht verschiddene Länner, bei deem et ëm d'Rechter vum Ierwen vum Kafka a Brod goung. No engem Geriichtsurteel an der Schwäiz gouf een Deel vum Archiv, dat an engem Safe an der Schwäiz louch, am Mee 2019 der National Library of Israel zu Jerusalem iwwerginn.

De gréissten Deel vum Material, wat erëmfonnt gouf, war scho vum Brod publizéiert ginn, wéi zum Beispill den Text vum Kafka sengem net fäerdeg gestallten éischte Roman "Hochzeitsvorbereitungen auf dem Lande". Zwou Iwwerraschungen hunn d'Archive vu Jerusalem trotzdeem erwaart. "Mir hunn onverëffentlecht Zeechnunge entdeckt, déi weder signéiert nach datéiert waren, déi de Brod awer gehalen hat", huet de Stefan Litt erzielt. Dorënner ass och e Portrait vum Kafka senger Mamm an e Selbstportrait.

"Déi grouss Surprise, déi mir erlieft hunn, wéi mir d'Dokumenter opgemaach hunn, war säi blot Notizbuch, an deem de Kafka op Hebräesch geschriwwen a mat +K+ ënnerschriwwen huet. Dat war seng üblech Ënnerschrëft", sou de Curateur.

An engem vun den Texter an dësem Heft aus dem Joer 1920 huet de Kafka seng Léierin op Hebräesch gebieden, sech net iwwer seng Feeler an den Hausaufgaben ze iergeren, "well ech scho fir eis zwee rose sinn".

Trotz dësen Entdeckungen bedauert de Stefan Litt, dass kee vun dem Kafka sengen onverëffentlechten däitschen Texter an dëser Schatzkëscht an der Schwäiz fonnt ginn ass.