Summerdag vun der Literatur am Park vum CNL

© RTL Archiv
A Kooperatioun mam Mierscher Lieshaus invitéiert de Centre national de littérature (CNL) den 18. Juli op den traditionelle Summerdag vun der Literatur.
Am Park vum CNL stinn deen Dag vu moies 10 bis owes 17 Auer eng ganz Rei Liesungen, Gespréicher, Musek an enger flotter Summerstëmmung um Programm. Ze entdecke si ganz frësch Publikatiounen an, en Avant-Première, Neies vum Bichermaart. Och fir d'Kanner ass natierlech eppes dobäi.
Aus hire rezenten, deels nach onverëffentlechte Wierker liesen: Yorick Schmit, Marina Fonseca, Lisa Junius, Margret Steckel, Friederike Migneco, Anne-Marie Reuter, Elise Schmit, Jeff Schinker, Joseph Kayser a Francis Kirps. De CNL stellt säin neit Lauschterbuch "Tier und Mensch" mat Texter vun der Marie-Henriette Steil aus den 1920er Jore vir. An d'Claudine Muno spillt Lidder vun hirer neier CD "Are you still listening?".