Am Kader vu "Stad lieft" gëtt elo nieft de Concerten an de Kiermessen eng kleng Open-Air-Bibliothéik opgestallt.

D'Stad liest an dat vun elo u vu moies 11 bis owes 18 Auer am Haff vun der aler Bibliothéik ënner fräiem Himmel. Hei gi Bicher a 4 verschiddene Sproochen zur Verfügung gestallt.

D'Stad liest - E Reportage vum Chris Meisch

„D'Leit kënne heihin kommen, sech installéieren a Bicher, déi hei stinn, eraushuelen an déi hei liesen. Si kënne gemittlech e bëssen Zäit verbréngen, soulaang ma op sinn. Dobaussen hu ma och nach ee Bicherschaf stoen, wou d'Leit och Bicher mat heem huele kënnen", sou d'Marthy Bracke, Cheffin vun der Cité Bibliothéik.

Um Programm sti Liesunge vun Auteure vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland. Verschidden Nuetseventer sinn och geplangt. Wärend dësem "Buchmount" steet all Woch ënnert engem anere Motto, op déi sech och déi verschidde Liesungen an Ateliere bezéien.

Theme riichte sech souwuel un Erwuessener wéi och u Kanner. Déi éischt Woch dréint sech alles ëm d'Gastronomie, mat ënner anerem dem Kach René Mathieu als Invité.

„Déi zweet Woch geet et ëm BDen a Mangaen. Déi Woch drop ass eis Diversity-Woch, wou et ëm Integratioun vu Leit mat Handicap an och Refugiéë geet. Eis lescht Thema ass dann d'Reesen. Do hu mer ënner anerem de Mike McQuaide, deen zimmlech bekannt ass", sot d'Marthy Bracke weider.

Donieft steet nach en Automat mam Numm „Mäi klenge Spillbuttek“ um Site, wou méi kleng Brietspiller fir Kanner kënne kaf ginn. Dat Ganzt ass kee CovidCheck-Evenement. Dowéinst muss een de Mask och déi ganzen Zäit unhalen, ausser et sëtzt een. Den Entrée ass fräi, bei de Liesunge muss een awer am Virfeld gratis Tickete reservéiere.

Et wier ee frou, datt d'Stad Lëtzebuerg dëse Site zur Verfügung gestallt huet. Et géing een awer hoffen, och weiderhin op dëser Plaz de Kanner eppes ze bidden, sou de Serges Wilmes, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg.

„Mir wéilten am léifsten als Stad Lëtzebuerg, datt dat hei eng Plaz fir d'Kanner géing bleiwen. 400 Joer laang war et eng Schoul. Duerno war et 50 Joer laang eng Bibliothéik, d'Nationalbibliothéik. Mir als Stad Lëtzebuerg wéilten am léifsten, dass een déi zwou Saache kéint zesummeleeën an een eppes draus géing maachen, zum Beispill eng Kultur fir d'Kanner oder e Kanner-Musée. Dat wier wierklech eng éischt Etapp, fir kënnen an esou eng Richtung fir ee Projet ze goen", sot de Serge Wilmes.

„D'Stad liest“ leeft nach bis den 12. September. Vun dënschdes bis sonndes kann een hei hikommen. D'Samschdesmoies-Animatioun fir d'Kanner, déi soss an der Bibliothéik organiséiert gouf, wäert wärend de 4 Wochen hei sinn.

Bibliothèque à ciel ouvert jusqu’au 12 septembre 2021

Le mercredi 18 août 2021, Monsieur Serge Wilmes, premier échevin, et Monsieur Patrick Goldschmidt, échevin responsable en matière de l’espace public, des fêtes et marchés, ont inauguré l’événement « D’Stad liest », une bibliothèque à ciel ouvert proposée par la Cité Bibliothèque dans le cadre du programme d’animations estivales « D’Stad lieft ».

Jusqu’à la mi-septembre, les amateurs de lecture trouvent leur bonheur dans la cour à côté de la Cathédrale (rue Notre-Dame) transformée en bibliothèque à ciel ouvert. Dans une atmosphère détendue, les résidents et visiteurs de la capitale peuvent lire un livre, un magazine ou un journal en étant confortablement installés sous le vaste arbre trônant au centre de la cour. Un espace dédié aux enfants complète cette bibliothèque éphémère. Au « Mäi klenge Spillbuttek » des petits jeux pour enfants peuvent être achetés.

Quatre semaines thématiques rythmeront l’événement avec une multitude de séances de lecture qui auront lieu dans la journée ou en soirée :
                                                                                                                                                                         

  • 18.08 – 22.08 : Semaine de la gastronomie
    • 18.08. Chef René Mathieu & Dr Nadia Terki (19h30) – pour adultes
    • 21.08. Laurent Barthel (11h00-12h30) – pour enfants

  • 24.08 – 29.08 : Semaine de la bande dessinée/manga
    • 25.08. Sabrina Kaufmann (14h30-17h30) – tout public
    • 27.08. Lucien Czuga (19h30) – tout public
    • 28.08. Andy Genen (13h30 – 17h30) – atelier pour enfants

  • 31.08 – 05.09 : Semaine de la diversité
    • 31.08. Narcisse Dovenon (19h30) – pour adultes
    • 01.09. Andy Steffen (15h00) – pour enfants
    • 04.09. Isabelle Marinov (11h00) – pour enfants
    • 04.09. Tatta Tom (14h30) – pour enfants

  • 07.09 – 12.09 : Semaine des voyages
    • 08.09. Ali Seegar (15h00) – pour enfants
    • 09.09. Mike McQuaide (19h30) – pour adultes
    • 11.09. Christiane Kremer (11h00) – pour enfants

Informations pratiques :

Dates : 18 août 2021 - 12 septembre 2021

Lieu : cour à côté de la Cathédrale (côté rue Notre-Dame)

Horaires : tous les jours - excepté lundi - de 11h00 à 18h00 et nocturnes

Entrée libre, sans réservation et dans la limite des places disponibles pour le volet « lecture ». Pour les soirées à thèmes et les séances de lectures pour adultes : billetterie via www.luxembourg-ticket.lu. Pour l’atelier avec Andy Genen : réservation via la Cité Bibliothèque par mail (tuffi@vdl.lu).

Accès :

-          Bus : arrêt « Hamilius » (lignes AVL 2, 3, 4, 6, 8, 9, 10, 11, 14, 15, 16, 18, 19, 21, 22), arrêt « Monterey » (lignes AVL 3, 5, 6, 13, 17, 22, 31) ou arrêt « Cathédrale » (lignes AVL 19, 31)

-          Vel’OH! : « Gëlle Fra »

Les mesures de lutte contre la propagation du coronavirus sont à respecter à tout moment.