Doud vum Raoul Cauvin

© Dupuis
Ee vun de wichtegste Bande Dessinée Zeenaristen aus deene leschte 60 Joer ass en Donneschdeg gestuerwen.
Hie war ee vun de Piliere vun den Editions Dupuis an der Zäitschrëft Spirou an huet Serië geschriwwe wéi "Les Tuniques Bleues" (méi ewéi 60 Albumen zanter 1968), "Sammy", "L'agent 212", "Les femmes en blanc", "Cédric" an nach villes méi. Bal alles wat hie geschriwwen huet, ass ee Bestseller ginn an huet eng sëllegen Albume mat sech bruecht. Hien huet och e puer Episode vum Spirou sengen Aventurë geschriwwen.
Dat besonnescht u sengem Stil: De Raoul Cauvin huet d'Welt ronderëm sech observéiert, a villes vun deem, wat hien do gesinn huet, a seng kuerz Sketcher mat afléisse gelooss. An dat ëmmer mat vill Humor. Bei den Tuniques Bleues huet hien et ewéi keen anere verstanen, fir aus enger klenger Anekdot aus dem amerikanesche Biergerkrich eng spannend a lëschteg Aventure ze erzielen, an där hien all Kéiers d'Absurditéit vum Krich ze weisen.
Seng Karriär huet awer net direkt als Zeenarist ugefaangen. 1960 ass hie bei den Editions Dupuis engagéiert ginn, als Lettreur an der Dréckerei. Duerno huet hien als Kameramann an deem neien Zeechentrickfilmdepartement geschafft. Dat war och déi Zäit, wéi hie seng Léift, fir Geschichten ze erzielen, entdeckt huet a krut vum Editeur d'Chance, fir där Iddi no ze goen.
Déi lescht Joren huet hie sech scho lues a lues zeréckgezunn a manner geschriwwen. Mä un d'Pensioun huet hien ni geduecht, wéi hien och an engem RTL-Interview virun e puer Joer fir d'Sortie vum 20. Album vun der Serie "Les Psy" erzielt huet.
Och um BD-Festival zu Konter war de Raoul Cauvin schonn e puer Mol an huet do op seng ganz einfach a frëndlech Manéier ville Visiteuren eng Freed mat enger klenger Dedicace gemaach, déi och schonn een Abléck a seng Manéier fir ze schaffe ginn huet. Anescht ewéi vill aner Zeenaristen, huet hien net just den Text geschriwwen, deen d'Zeechner dann an d'Zeen setze sollen. Hien huet sech och Gedanken iwwert déi Mise en Scène gemaach, a mat klenge Skizzen den Zeechner gewisen, wéi hie sech déi Zeene virgestallt huet. An esou war eng Dedicace vum Raoul Cauvin ëmmer begleet vun enger klenger Zeechnung, wat fir Zeenariste ganz seelen de Fall ass.
Am Alter vun 82 Joer ass hien den 19. August 2021 gestuerwen. Virun e puer Méint hat hie selwer matgedeelt, datt hie Kriibs hat. An och wann hien um Agent 212 bis zum Schluss matgeschafft huet, huet hien och fir déi Serie schonn un d'Zäit no sengem Doud geduecht, a sengem Zeechner Daniel Kox ëmmer méi d'Méiglechkeet ginn, sech och am Zenario méi mat anzebréngen. An och d'Tuniques Bleues wäerte weider liewen, well de Cauvin do scho mat engem 64. Album säi leschten Episod geliwwert huet, an et eng aner Ekipp gëtt, déi d'Serie weider féiert. Eng Decisioun, déi schonn zu Liefzäite geholl gouf, dee 65. Album ass dofir och virum 64. erauskomm. Den Humor an d'Manéier fir Geschichten ze erzielen, mat deenen de Raoul Cauvin méi ewéi 50 Joer laang d'BD markéiert huet, ass deemno a gudden Hänn a lieft esou nach weider. An hien hannerléisst e puer honnert Albume mat deene verschiddenste Geschichten, déi jiddwereen nach ëmmer begeeschteren.