Den 22. Januar feiert de Friedrich Dürrenmatt 100 Joer. An dësem Kader huet den Theaterkollektiv Independent Little Lies säi Klassiker nei interpretéiert.
Sou hu professionell Schauspiller zesumme mat enger Rëtsch Bierger vun Esch a vum Escher Ëmkrees d'Stéck gespillt. Fir d'Regisseurin Claire Thill wier dëst eng Première gewiescht.
Beim Public huet dës Inzenéierung op jiddefalls vill Uklang fonnt. Tëschent dem 8. an 11. Oktober hu si dräi Opféierunge gehat, wouvunner eng fir Schoulklasse war. Allen dräi waren ausverkaaft. Fir d'Claire Thill läit de Grond fir dëse Succès awer och um Stéck selwer. „Der Besuch der alten Dame" wier nämlech och hautdesdaags, also 65 Joer no senger Uropféierung, nach ëmmer immens relevant. Sou beschreift si d'Geschicht als „bal eng klassesch Mee-too-Geschicht". Dëst géif „an enger patriarchaler Gesellschaft", an där „Problemer vu Feminismus a Klassizismus ëmmer nees ugeschwat ginn", nach ëmmer resonéieren.
D'Hoffnung wier et dann an Zukunft eventuell mat aneren Theateren nach kënnen ze kollaboréieren, fir d'Inzenéierungen nach e puer Mol ze weisen. Genau Pläng ginn et do awer nach keng.