De Superman hat sech an eng Reporterin verléift, elo huet sech säi Bouf och verléift: dëst an e männleche Journalist mam Numm Jay.

DC Comics huet e Méindeg bekannt ginn, datt de Superman, de Bouf vum Clark Kent a Lois Lane, eng romantesch Bezéiung zu engem männleche Kolleeg wäert hunn.

Den Jon Kent an de Journalist Jay Nakamura hunn an enger Geschicht, déi am August publizéiert gouf, eng Frëndschaft geschloss. An der Geschicht, déi den nächste Mount erauskënnt, wäerte si sech këssen. "No enger Zeen, an där de Superman geeschteg a kierperlech ausgebrannt ass, well hie probéiert huet, jiddereen ze retten, deen e rette kann, ass den Jay do, fir sech ëm de Mann aus Stol ze këmmeren", esou DC Comics an enger Deklaratioun.

Den Akt wäert an der fënnefter Editioun vun "Son of Kal-El" dra sinn, déi de 9. November an de Regaler stoe wäert. DC Comics bezeechent deen neie Superman an hirem Communiqué mat der Iwwerschrëft "Jon Kent fënnt seng Identitéit" als "bisexuell".

"Haut kënne sech méi Mënschen an deem mächtegste Superheld vun de Comicke rëmerkennen", sot den Tom Taylor, deen d'Serie schreift. An der "Son of Kal-El"-Serie kämpft den Jon Kent géint eng Rei vu Probleemer vun der sozialer Gerechtegkeet, dorënner de Kampf géint Bëschbränn a Protester géint d'Expulsioun vu Flüchtlingen.

De "Coming-out" vum berüümten amerikanesche Superheld kënnt an enger Zäit, an där sech ëmmer méi Comicken der Diversitéit verschreiwen. Am "Aquaman" gouf Ufank vum Summer ee faarwegen, schwulen Superheld agefouert, wärend den neiste Robin sech an de Batman-Comicken am August als bisexuell geout huet.