Fir méi wéi 800 Milliounen Dollar gëtt zu New York en hebräescht Gebietsbuch versteet. De bis elo héchste Präis fir esou e Manuskript.

Dat Besonnescht um Wierk ass, datt et Experten no ëm d'Joer 1.300 am haitege Bayern entstane soll sinn. Eppes un der Aart wéi d'Buch gemaach ass deit nämlech dorop hin.

En hebräescht Gebietsbuch, dat viru ronn 700 Joer a Bayern entstanen ass, gouf zu New York fir ronn 8,3 Milliounen Dollar versteet. Dat si ronn 7 Milliounen Euro a méi wéi jee bei enger Stee fir en hebräescht Manuskript bezuelt ginn ass. Dat deelt d'Auktiounshaus Sotheby's en Dënschdeg mat. Der Matdeelung no enthält d'Buch mam Titel "Luzzatto High Holiday Mahzor" d'Liturgie fir déi héich jiddesch Feierdeeg "Rosh Hashanah" an "Jom Kippur" a war am Laf vun de Joerhonnerten an den Hänn vu ville Besëtzer.

Experten hu rausfonnt, datt d'Schrëft ëm d'Joer 1.300 vun engem Schrëftsteller mam Numm Abraham geschriwwen an illustréiert gouf. D'Biller weise gotesch Bauten, fantastesch Déieren a mëttelalterlech Judden beim Bieden. Ursprénglech wier d'Buch fir eng jiddesch Gemeng a Bayern produzéiert ginn, dann awer an d'Elsass, an d'Géigend vum Bodensee, an Norditalien a Frankräich komm. Dorop hu vill schrëftlech Umierkunge gedeit, déi déi jeeweils Besëtzer am Rand vum Buch vermierkt haten.

De Verdacht, datt d'Buch aus dem 13. oder fréie 14. Joerhonnert kënnt, berout op engem Verglach vun den Dekoratiounen vun der versteeter Schrëft mat Dekoratioune vun anere mëttelalterleche Gebietsbicher aschkenasescher Judden aus Franken.