Première - wichtegste franséische Literaturpräis geet u senegaleseschen Auteur

© AFP
Den 31 Joer ale Mohamed Sarr gëtt dëst Joer mat deem bedeitendste Prix Goncourt ausgezeechent. Dotéiert ass de renomméierte Präis mat zéng Euro.
Esou eng wichteg Decisioun sollt een net op eidele Mo huelen. Dowéinst hat sech d'Jury, déi iwwert de franséische Literaturpräis entscheet, dëst Joer nees am Paräisser Restaurant Drouant fir d'Mëttegiesse getraff. 2020 hat d'Jury sech nëmme virtuell treffe kënnen.
An der finaler Ofstëmmung hu sech sechs Akademiememberen - an domat d'Majoritéit - fir de senegalesesche Schrëftsteller Mohamed Mbougar Sarr mat sengem "La plus secrète mémoire des hommes" entscheet. Am Roman vum 31 Joer alen Auteur geet et ëm e jonke Schrëftsteller, deen zu Paräis e legendäert Buch aus dem Joer 1938 fënnt a sech op d'Spuere vun dem op mysteriéis Aart a Weis verschwonnenen Auteur mécht, deen als "schwaarze Rimbaud" bezeechent gouf.
An der enker Auswiel fir de Prix Goncour, mat deem dat "bescht Prosawierk vum Joer" ausgezeechent gëtt, stoungen 2021 och nach de Sorj Chalandon mat sengem "Enfant de salaud", an deem et ëm e Mann geet, deen erausfënnt, datt säi Papp am Zweete Weltkrich mat den Däitsche kollaboréiert huet. Och d'Buch "Milwaukee Blues" vum Louis-Philippe Dalembert, dat vun der Ermordung vum Afroamerikaner George Floyd inspiréiert ass, war dëst Joer nominéiert. Déi eenzeg Fra ënnert de véier Favoritte war d'Christine Angot mat hirem "Die Reise nach Osten" iwwert den Inzest, vun deem si Affer gouf.
Als Goncourt-Gewënner kritt de Mohamed Mbougar Sarr zwar nëmmen eng symbolesch Zomm vun zéng Euro, kann awer mat engem Verkafs-Succès rechnen a reit sech an eng traditiounsräich Gewënnerlëscht an, déi zanter 1903 gefouert gëtt. Ënnert anerem goufe scho Schrëftsteller wéi de Marcel Proust, den André Malraux oder den Hervé Le Tellier an de Nicolas Mathieu ausgezeechent.