Booker-Literaturpräis geet un de Südafrikaner Damon Galgut

© AFP/File/Tolga Akmen
Déi wichtegst englesch Literaturauszeechnung - de Booker Prize - geet dëst Joer un de südafrikaneschen Auteur fir säi Roman "The Promise".
Den Dramatiker a Schrëftsteller war schonn dräi Mol fir de renomméiertste brittesche Literaturpräis nominéiert, bis d'Jury seng "Originalitéit a flësseg Sproch" vum Roman, dee "wierklech dicht un der historescher a metaphorescher Bedeitung" wier, gewierdegt huet. D'Buch géif eng "aussergewéinlech Geschicht, villfälteg Theemen an d'Geschicht vun de vergaangene 40 Joer vu Südafrika an engem gutt geschriwwene Pak" verbannen.
De Roman, dee vun der spéider Apartheid-Ära vu Südafrika bis zu der Presidentschaft vum Jacob Zumas erzielt, zeechent den Zerfall vun enger wäisser Famill op engem Bauerenhaff ausserhalb vu Pretoria no. Den Titel "The Promise" bezitt sech op d'Zouso un eng schwaarz Aarbechter-Famill, si kéinten d'Haus an den Terrain, op deem si liewen, halen. Dat klengt Stéck Land representéiert awer nëmmen een vu villen enttäuschende Verspriechen.
Mat deem 1969 gegrënnte Booker Prize gëtt all Joer de beschten engleschsproochege Roman ausgezeechent. De Präis ass mat 50.000 Pond, ëmgerechent 59.000 Euro, dotéiert. Virun 2014 duerften nëmme Bicher vun Auteuren aus dem Vereente Kinnekräich, Irland an de Commonwealth-Staaten ausgewielt ginn. Zanter der Ouverture fir all Romaner, déi op Englesch geschriwwe sinn, hunn zweemol amerikanesch Auteure gewonnen. 2020 war de Präis un de Schott Douglas Stuart fir säi Roman "Shuggie Bain" gaangen.